Dass ESA-Astronauten op d'ISS fléien ass net nei. Datt am Joer 2026 eng éischte Kéier ee Lëtzebuerger an der Weltraumstatioun steet, dann awer schonn.

De Raphaël Liégeois ass e belschen Astronaut, deen zanter 2018 och d'Lëtzebuerg Nationalitéit huet. De 34 Joer ale Raphaël Liégeois ass ee vu 6 Astronauten, déi am Abrëll hir Formatioun zu Köln am Astronautenzenter ofgeschloss hunn.

De Generaldirekter vun der Europäescher Weltraumagence, Josef Aschbacher, huet um Mëttwochowend annoncéiert, dass d’Sophie Adenot an de Raphaël Liégeois 2026 op d’ISS fléie sollen.

Als éischt Adenot an da Liégeois

Als éischt géif d'Sophie Adenot an den All starten. D’Missiounen daueren am Prinzip 6 Méint. De Raphaël Liegeois géif an der zweeter Hallschent vum Joer déi europäesch Plaz op der ISS kréien.

D'Sophie Adenot ass Ingenieurin an Helikopter-Pilotin bei der franséischer Arméi. De Raphäle Liégeois huet nach bis virun engem Joer als Chercheur op der Uni vu Genève geschafft an ass spezialiséiert an der Biomedezin an de Neurowëssenschaften.

Aus ESA-Kreesser heescht et, dass béid Kandidate besonnesch erausgestach sinn ënnert de 6 neien Astronauten. De Raphael Liégeois hätt en aussergewéinleche Profil an och, datt e souwuel déi belsch wei Lëtzebuerger Nationalitéit hätt, wier e Virdeel gewiescht. Virum Belsch-Lëtzebuerger gouf et schonn 2 belsch Astronauten.

Nominatioun kënnt onerwaart

“Nach virun engem Mount hu mer alleguer zesumme gefeiert, dass mer elo de Basis-Training ofgeschloss hunn. Elo ginn ech gewuer, dass ech op d’ISS ka fléien. Ech kann et kaum erwaarden, dësen Challenge unzehuelen”, esou de Raphaël Liégeois an enger schrëftlecher Reaktioun. Den Astronaut ass den Ament an den USA op engem Training vun der NASA.
De Raphaël Liégeois ass an der Belsch gebuer, seng Eltere wunnen zanter 2000 zu Déifferdeng a schaffen am Grand-Duché.

Vum Mound spéider Richtung Mars

De Josef Aschbacher huet a senger Ried drop higewisen, dass Programmer wéi Artemis - eng Kooperatioun tëscht der ESA an der NASA, fir nees mat Astronauten op de Mound ze fléien – wichteg Projete fir d’Organisatioun wieren. Och d'Europäer missten d'Kompetenzen hunn, fir och an Zukunft de Weltall ze erfuerschen. De Mound ass do wesentlech als Hub, fir vun do aus och Richtung Mars ze fléien. Et géif een ëmmer méi Astronaute brauchen, dofir missten och Jonker d’Chance kréien, u Missiounen deelzehuelen.

RTL

© ESA

Wat ass d'ISS?

D’International Weltraumstatioun (ISS) ass eng Kooperatioun tëscht der NASA (USA), Roscosmos (Russland), JAXA (Japan), der ESA (Europa) an CSA (Kanada). D’Zil ass et, Experimenter an der Mikro-Gravitéit an am Weltall-Ëmfeld duerchzeféieren. D'ISS ass och eng Plattform fir wëssenschaftlech Fuerschung, déi d'Méiglechkeet bitt, d'Effekter vun der laanger Dauer vum Weltraumfluch op de mënschleche Kierper ze studéieren, souwéi fir Technologien ze testen, déi fir méi laang Missiounen op de Mars an aner Destinatiounen am Weltraum néideg sinn.