Konte vu Privatclientë bei ING ginn zougemaachING-Bank: Halen um Standuert fest, nei Orientatioun, méi Detailer an enger Woch

RTL Lëtzebuerg
Opgereegte Clientë vun der ING-Bank hu sech bei RTL gemellt, nodeem se vun der Bank kontaktéiert goufen, dass hir Konte clôturéiert ginn.
© RTL Grafik

Si sollen hir Suen op aner Banken transferéieren.

D’ING selwer refuséiert zu dësem Ament dozou ze kommunizéieren.

D’Bank erkläert op Nofro just, dass si um Standuert Lëtzebuerg festhält, sech awer nei wäert orientéieren.

Detailer sollen an enger Woch publizéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO