Déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger Betriber gleeft net drun, datt der CSV-DP-Regierung hir Mesurë géint d'Logementskris duerginn a wäerte wierken.

Dat ass eent vun de Resultater vum neiste Wirtschaftsbarometer vun der Chambre de Commerce. Bei der Enquête hunn eng 700 Entreprisë matgemaach.

Wirtschaftsbarometer/Reportage Michèle Sinner

An op d’Fro, wouduerch d’Logementskris entstanen ass, ass hir Äntwert zimmlech kloer: "Ce sont les taux d’intérêts élevés, le manque de logements abordables et les conditions d’octroi de crédit qui sont cités le plus souvent", seet d’Christel Chatelain, d'Directrice vun den Affaires économiques vun der Chambre de Commerce.

"Et on voit aussi que les normes environnementales ou la complexité administrative qui est très souvent cité comme une cause aussi de cette crise du logement ou en tout cas du manque de logement au Luxembourg na été plébiscité pas les entreprises que très faiblement."

Just néng Prozent fannen d’Paperasse problematesch an esouguer just sechs Prozent mengen, datt d’Ëmweltoplagen oder d’Steierpolitik zur Logementskris bäidroen.

Do wonnert et dann och net, datt déi allermeescht Entreprisë mengen, der CSV-DP-Regierung hir ugekënnegt Mesuren, déi justement op Steiererliichterungen a Simplification administrative ausgeriicht sinn, géingen net duer.

60 Prozent vun de Betriber ginn dovun aus, datt d’Logementskris wäert unhalen an zéng Prozent mengen, si géif nach méi schro ginn.

Heescht dat, der Regierung hir Mesurë gi laanscht de Probleem? Souwäit wëll den Direkter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen, net goen. Mä iwwerzeegt kléngt anescht.

"On peut les saluer, mais on a toujours dit que ça ne va pas résoudre le problème à très court terme."

A si hätten och e psychologeschen Effet.

"Pour les gens qui étaient sur le point d’acheter évidemment, quand il y a des mesures, ils se diront, mais il y aura peut-être encore des mesures, donc je vais encore attendre."

Mä d’Christel Chatelain verdeedegt och d’Regierung.

"Ce sont aussi des réponses sur lesquelles le gouvernement n’a pas d’impact. Les taux d’intérêts élevés." Ma dat gëllt am Fong och fir déi viregt Regierungskoalitiounen. Och schonn ënner deenen huet d’Zentralbank zu Frankfurt d’Zënse festgeluecht.