Wirtschaftsmissioun a JapanEntrevuë mam japanesche Premier an anere Regierungsmemberen

RTL Lëtzebuerg
Direkt no den EU-Wale goung et e Sonndeg an de Fliger fir den Ierfgroussherzog Guillaume mee och d'DP-Ministeren Delles an Bettel.
De japanesche Premierminister Fumio Kishida empfänkt déi Lëtzebuerger Delegatioun.
De japanesche Premierminister Fumio Kishida empfänkt déi Lëtzebuerger Delegatioun.
© AFP

Dës Woch sinn d’Politiker zesumme mat enger Delegatioun vu Geschäftsleit a Japan, sou datt si en Dënschdeg och net beim Etat de la Nation vum Premier dobäi sinn.
Am Mëttelpunkt vum 1. Dag vun der ekonomescher Missioun stoung eng Entrevue mam Premier Fumio Kishida, dem Keeser Naruhito an der japanescher Kroun-Prënzekoppel.

D’Entretienen hunn ënner anerem ëm de Programm “Vakanz-Aarbecht” gedréint, deen zanter 7 Deeg leeft an et jonken erméigleche soll souwuel a Japan wéi och zu Lëtzebuerg Vakanz ze maachen, mee och wärend där Period mat engem CDD ze schaffen.

Och iwwer d’Unerkenne vun engem eegestännege Palästinenserstaat goung an de politesche Gespréicher zu Tokio Rieds - ouni awer datt offiziell Detailer doriwwer bekannt gemaach goufen. En anere Sujet, dee bei der Missioun am Fokus steet, ass d’Welt-Expo zu Osaka d’nächst Joer.

Official Mission Japan | Connect2Business
Tokyo » Luxembourg Trade and Investment Office (investinluxembourg.jp)

Liest hei dat offiziellt Schreiwes zur Visitt

Back to Top
CIM LOGO