D'BIL wäert weider Basis-Bezuelkonten opmaachen, sou CSSF

© RTL Archivbild
En Dënschdeg koum e Rappell vun der CSSF, dass net just Raiffeisen, Spuerkeess, BGL BNP Paribas a Post Basis-Bezuelkonte wäerten opmaachen.
Der Kommissioun fir Bankenopsiicht no wäert och d'BIL* dëst maachen.
D'CSSF preziséiert dëst, nodeem d'ING jo annoncéiert hat, datt een déi Basis-Bezuelkonten an och d'Spuerkonte vu verschiddene Clientë géif zoumaachen.
Dës Basis-Konte kënnen all d'Clienten opmaachen, déi legal an der EU wunnen, dorënner och Leit, déi kee Permis de séjour hunn, mä bei deenen d'Ausweisung legal net méiglech ass. Wann e Client eng Demande stellt, fir esou e Kont opzemaachen, muss d'Bank dëst bannent 10 Deeg maachen oder d'Demande refuséieren.
Wann e Client mengt, datt e Basis-Kont net justifiéiert zougemaach gouf, kann dëse bei der CSSF an Appell goen.
*D'CSSF huet nach preziséiert, datt d'BIL dëst op fräiwëlleger Basis mécht.