"Fir mech ass dat eng Etapp, fir mäi Fils de Guillaume ze preparéieren"

© Steve Muller
De 26. Juli ass d’Ouverture vun den olympesche Spiller. Am Virfeld huet RTL um Dënschdeg en Interview mam Grand-Duc Henri als Member vum IOC gemaach.
Op Invitatioun vun RTL ass de Staatschef an d’Coque op en Training vun den zwou Dëschtennisspillerinne Sarah De Nutte a Ni Xia Lian an dem Spiller Luka Mladenovic komm.
Zanter 1998 ass de Grand-Duc Henri Member vum Internationalen Olympesche Kommitee. Seng éischt Spiller an dëser Fonctioun hat hien am Joer 2000 zu Sydney, 2024 zu Paräis si seng 7. Olympesch Summerspiller. Op d’Aktualitéit ugeschwat, sot de Staatschef op d’Fro, ob et no der Annonce vun e Sonndeg déi lescht a senger aktueller Funktioun wieren:
“Ech hunn eng Annonce gemaach fir den Oktober. Fir mech ass dat eng Etapp, fir mäi Fils de Guillaume ze preparéieren u säi Rôle a mir kucken da weider.”
De ganzen Interview iwwer de sportleche Volet kënnt e Mëttwochowend op rtl.lu an am Magazin. Ënnert anerem geet et ëm de Stellewäert vum Sport an eiser Gesellschaft, de Jugendsport an d’Ambitioune vun de Lëtzebuerger Sportlerinnen a Sportler. Niewebäi verréit de Grand-Duc och, wat seng Liblingssportaarte sinn.