"Hei goufe Leit ugeschass a benotzt" - Dat seet de Marc Crochet am RTL-Interview.

Den Direkter vu Caritas Lëtzebuerg reagéiert op en Detournement, deen an der Envergure senges Gläiche sicht.

Op d‘mannst ee Mataarbechter kéint dofir gesuergt hunn, datt ganzer 61 Milliounen € verschwonne sinn. Woubäi d‘Caritas déi do Zomm ni um Kont hat, präziséiert de Marc Crochet.

"D'Caritas hat ni 61 Milliounen Euro um Konto. Wéi déi ganz Saach ugaangen ass, do hat d'Caritas grad 28 Milliounen Euro um Konto. An dat ass ongeféier d'Hallschent vun deene Suen, déi mir am Joer brauchen, fir ze fonctionéieren. An déi 28 Milliounen Euro, déi do waren, dat waren och nach net eis Suen. Dat waren ongeféier 25 Milliounen, déi gehéieren dem Lëtzebuerger Staat an deenen anere Spender."

Wéi kënnt een dann op 61 Milliounen?
En Onéierlechen huet sech Kreditlinnen am Numm vun der Caritas beschaaft an Héicht vun 33 Milliounen €. Suen, déi d‘Caritas elo de Banke schëllegt.

Aner Leit goufen "ugeschass", esou de Marc Crochet, Generaldirekter vun der Caritas

De Marc Crochet selwer huet entdeckt, datt eppes net an der Rei wier an hien huet Plainte gemaach. Hie weess, wéi ee Mataarbechter warscheinlech derhannert stécht.

"Dat eenzegt, wat ech felsenfest wosst, dat ass, et ass een amgaangen eis ze beklauen. An ech konnt eigentlech just d'Stréchelcher zesummeféieren an da soen: Maja, ech kennen déi Persoun."

Déi viséiert Persoun ass eisen Informatiounen no den Ament am Congé an hält sech am Ausland op. Elo leeft also eng Enquête an dofir hale sech all d‘Säite bedeckt, fir d‘Instruktioun net ze behënneren. Et gëllt d'présomption d'innocence.

D‘Caritas fir hiren Deel wëll kämpfen, och ëm hiren Image.

"Eis Organisatioun ass vertrauenswierdeg. Dat, wat hei geschitt ass, dat ass e grousst Verbriechen, an dat ass eis geschitt. Mir sinn hei d'Affer, Dir kënnt soen, Dir waart vläicht naiv oder iergendeen huet engem aneren eppes gegleeft. Jo, dann ass et de Feeler, deen ee begaangen huet. Dat ass, dass en engem Mënsch, mat deem ee laang zesummegeschafft huet, einfach nëmme vertraut huet. Dat ass e Vertrauensbroch. Vertrauensbroch ass hei zu Lëtzebuerg strofbar, an dat ass dat, wat hei soll passéieren." 

Marc Crochet: Prozedure ginn alleguerten nei gemaach

D‘Caritas hätt nach bësse Reserven, sou de Marc Crochet. De Mataarbechter hir Paie kéinte bezuelt ginn. Och mat de Banke lafe Gespréicher, wat d‘Kreditlinnen ugeet. D‘Caritas wëll parallel zur Justiz eng intern Enquête maachen. Eng Lëtzebuerger Beroder-Firma soll d‘Caritas beroden, fir sech a punkto intern Prozeduren nei op ze stellen.