RTL-Informatiounen no geet et ëm eng global Zomm vun iwwer 60 Milliounen Euro, déi net op den destinéierte Projeten ukomm wieren.

Nieft dëser Entitéit sinn och d'Fondatioun Cécile Ginter an d'ASBL Caritas Accueil et Solidarité betraff. Eisen Informatiounen no geet et ëm eng global Zomm vun iwwer 60 Milliounen, déi net op den destinéierte Projeten ukomm wieren.

D'Affär Caritas / LIVE vum Roy Grotz

D'Panoplie vun de Projeten, bei deene Sue sollen ënnerschloe gi sinn, geet vun Accueil-Strukture fir Flüchtlinge bis hin zu Coopératiounsprojeten am Ausland. D'Virementen, déi am Laf vum leschten hallwe Joer vu Lëtzebuerg aus op eng spuenesch Bank geschéckt gi sinn, solle sech op eenzel Zommen tëscht enger Véierels- an enger hallwer Millioun Euro chiffréiert hunn.
 
D'Froen, déi sech stellen, si lo natierlech, duerch wiem seng Responsabilitéit d'Sue sollen ënnerschloe gi sinn, respektiv wat d'Responsabilitéit vun de Banken a punkto Virementen an dësen héije Montanten ass. Och déi finanziell Gouvernance an d'Gestioun vun der Comptabilitéit intern bei der Caritas wäerte mussen hannerfrot an analyséiert ginn.
 
RTL géintiwwer wollt d'Caritas-Direktioun keng weider Positioun zu de grave Virwërf bezéien. Wéi et an engem kuerze Schreiwes heescht, wieren d'Faiten de leschten Dënschdeg beim Parquet denoncéiert ginn. Deen Dag war dunn och de Verwaltungsrot vun der Caritas beieneen, fir iwwert d'Kris ze beroden.

De Premierminister Luc Frieden selwer iwwerhëlt an dëser Affär d'Kommunikatioun, nodeems d'Regierung e Mëttwoch am Conseil vun de Faiten informéiert gouf. Impaktéiert sinn indirekt Aktivitéiten, déi d'Caritas assuréiert fir de Familljen-, Educatiouns- a Kooperatiounsministère.

Eise Sourcen no ginn dës Aktivitéiten, besonnesch och am Accueil vu Flüchtlingen oder Sans-Abrien, weider assuréiert, obwuel d'Caritas nom presuméierten Detournement weider keng grousser finanziell Reserve méi huet.

De Parquet an de Staatsministère melle sech zu Wuert

De Parquet deelt mat, datt no der Denonciatioun vum Caritas-Generaldirekter eng Instruktioun ënner anerem wéinst Bedruch, Abus de confiance, Schwindel, Vol a Wäisswäsche vu Suen opgemaach gouf. Am Viséier ass, RTL-Informatiounen no, eng héichplacéiert Fra, déi bei der Caritas schafft, mee den Ament net méi am Land ass.

D'Parquet ass vum Untersuchungsriichter mat der Enquête beoptraagt ginn. Mat agebonne sinn och d'Cellule de Renseignement financier an de Bureau de Recouvrement.

Wëll d'finanziell Envergure vum presuméierten Detournement bei der Caritas esou grouss ass an d'Regierung zanter e Mëttwoch am Bild war, kommunizéiert e Freideg den Owend och de Staatsministère a verurteelt all Form vu Bedruch, absënns wann dëst an enger sozialer Entitéit de Fall ass.

D'Regierung seet, datt se enk mat Caritas zesummeschafft, fir datt all Aktivitéite fir déi Äermst am Land kënne weidergefouert ginn.

De Staat géif sech all weider Rechter sécheren, fir Mesuren ze huelen, nodeems wéi sech d'Situatioun entwéckelt. Am Kloertext heescht dat, datt een d'Caritas Lëtzebuerg weider wëll supportéieren.

Och d'"Caritas Jeunes et Familles" huet e Freideg den Owend an engem Schreiwes reagéiert. Et wier een zudéifst traureg fir Caritas Lëtzebuerg. Am Communiqué gouf dann awer och preziséiert, datt d'Associatioun Caritas Jeunes et Familles als Entité juridique komplett vun der Caritas ofgekoppelt wier. Déi aktuell Situatioun bei der Caritas hätt also keen Impakt op d'Aktivitéite vun der Caritas Jeunes et Familles.

Bis op Weideres gëllt an dëser Affär d'Présomption d'Innocence.