Déi Lëtzebuerger Ëmweltverwaltung (AEV) huet am Ganze 45 Echantillone vun elektroneschen E-Zigarette fir ewechzegeheien a sougenannten e-Liquids geholl.

Dës Produite goufen op am Ganzen 11 Plaze kaf, virun allem a spezialiséierte Geschäfter, ma awer och op Tankstellen an Tubak-Geschäfter.

D'Kontrollen hu sech haaptsächlech op d'Kennzeechnung an den Emballagë konzentréiert. Konkret huet d'AEV gepréift, ob d'Verpackungen déi noutwenneg Kannersécherheetsmesuren hunn, sou wéi déi generell Warnhiweiser. Hei goufen et keng gréisser Verstéiss, bei 27 Produiten allerdéngs war d'Kennzeechnung net däitlech genuch.

Bei 20 Produite goufen et Verstéiss géint d'Gesetzeslag, zum Beispill andeems Piktogrammer, Warnhiweiser, sou wéi d'Kennzeechne vu Gefore gefeelt hunn. Da waren och eng Partie Kennzeechnungen net an de Landessproochen Däitsch oder Franséisch.

Bei 7 Produite war d'Kennzeechnung op der Verpackung net zefriddestellend, sou dass déi betreffend Acteuren elo opgefuerdert ginn, dëst fräiwëlleg nozebesseren.

39 vu 45 kontrolléiert Produite sinn net konform mam Lëtzebuerger Tubaksgesetz a goufen net ugemellt, sou dass dës Produiten net dierfen um Lëtzebuerger Marché verkaaft ginn.

Da goufen och 13 elektronesch Zigarette getest, déi, nodeems se eidel sinn, ewechgehäit sinn. Virun allem déi cheemesch Zesummesetzung gouf hei gekuckt. All d'Produite waren en règle a louchen ënnerhalb der erlaabter Limitt.

Um offizielle Site vum Gesondheetsministère ass dann och eng Lëscht accessibel, mat Produiten, déi konform sinn a mat deenen, déi et net sinn.

D'Ëmweltadministratioun weist drop hin, dass et sech bei den elektreschen Zigarette fir ewechzegeheien ëm Elektroschrott handelt, déi vun der Ecotrel gesammelt ginn an op kee Fall an déi schwaarz Dreckskëscht oder an d'Natur gehäit dierfe ginn.