Déi nei riets Hand vum Kamala Harris huet tatsächlech Virfaren zu Lëtzebuerg, méi genee huet säin Ururgrousspapp zu Kielen gelieft.

E Mëttwoch den Owend ass et mat de Spekulatiounen op Facebook lassgaangen. "Huet den zukünftegen US-Vizepresident, also wann den Tim Walz da gewielt gëtt, seng Originnen zu Kielen?", heescht et hei an engem Post, wou d'Foto vun engem eeleren Haus zu Kielen ze gesinn ass.

Ma tatsächlech huet den Tim Walz vu Säite vu senger Mamm Virfaren, déi zu Lëtzebuerg gelieft hunn. Konkret war dat den Nicolas Reiser, deen 1836 zu Lëtzebuerg gebuer ass, sou Informatioune vu Luxroots.

Hien ass zu Kielen opgewuess a mat 18 Joer an d'USA gaangen. Dunn ass hien zeréck op Lëtzebuerg komm an huet hei d'Susanne Pütz vu Siwebueren/Simmer bestuet. Méi spéit ass d'Koppel zesummen an d'USA geplënnert. Hei hu si 12 Kanner kritt. Eent dovun ass de John Francis Reiser, also den Urgrousspapp vum Tim Walz.

Zesumme mam Barbara Lucy Engelhaupt huet den John Francis Reiser d'Mary Helen Reiser kritt, déi domat d'Bomi vum Tim Walz ass. Hiert d'Meedchen, d'Darlen(e) Rose Walz, huet zesumme mam James Frederick Walz den Timothy James Walz zu Nebraska kritt.

Den US-Vizepresidentekandidat ass domat zu 12,5 Prozent Lëtzebuerger. Den Amerikaner huet donieft och nach däitsch, schwedesch an iresch Racinnen, wéi et op EthniCelebs.com heescht.

RTL

Dem Sekretär vum Sica Kielen Joël Adam no, dee mat sengem Facebookpost déi Saach mat un d’Rulle bruecht hat, gëtt et allerdéngs nach ee klengen Doute. A senge Recherchen ass de Mann drop gestouss, dass et sech bei der Darlene Rose zwar geséchert ëm dem Demokrat seng Mamm gehandelt huet. Et géif awer Sourcen, déi soen, dass si net déi biologesch Duechter vum Lawrence Frederick Reimann an der Mary Helen Reiser wier.

D’Famill Reiser sinn, dem Joël Adam no, iwwregens keng Onbekannter zu Kielen. D’Famill hätt zwee mol de Buergermeeschter gestallt. Den Nicolas Reiser emol vun 1804 bis 1820  an den Theodor Reiser vun 1849 un, sou de Kielener op Facebook um Donneschdeg den Owend.

D'Gemeng Kielen iwwerdeems konnt op Nofro hin nach net confirméieren, dass den Nicolas Reiser tatsächlech an dem Haus gelieft huet, wat een op der Foto gesäit.

Urgrousspapp vum Papp senger Säit aus Däitschland 

Wéi d'Noriichtenagence "Badischen Neuesten Nachrichten" aus Karlsruhe matdeelen, hätt den Tim Walz och Virfaren aus Däitschland. Säin Urgrousspapp soll deemno aus der Stad Kuppenheim sinn. De Sebastian Walz gouf den 11. Mee 1843 zu Kuppenheim gebuer a war Bouf vun engem Schouster.

1867 ass hien an d'USA ausgewandert, wou hie mat 71 Joer zu Lawrence am US-Bundesstaat Nebraska gestuerwen ass. Säi Bouf, den John Friedrich Walz, war 1898 bestuet ginn an ass de Papp vum Raymond A. Walz, deen de Papp vum James Frederick Walz, also dem Tim Walz säi Papp ass.