Den Handy an der Schoul verbidden. Dat ass d'Fuerderung vun enger Petitioun, déi an der Chamber wäert debattéiert ginn.

De Konsum vu soziale Medie geet ëmmer méi fréi lass an och schonn déi Jéngst si mat Smartphone an Tablet equipéiert. Ma déi richteg Alternative kéinten de Kanner de Verzicht dorobber ganz einfach maachen.

Handy-Verbuet an der Schoul

Virun engem Joer ass am Lycée Ermesinde zu Miersch decidéiert ginn, de Schüler den Handy wärend hirer Zäit an der Schoul ze verbidden. Bis 5ème leeën déi Jonk hiren Telefon den Dag iwwer an eng Këscht am Klassesall. Déi eeler Schüler hunn en zwar bei sech, ma benotzen en awer net an der Klass. Den anere Schoulmodell vum Lycée Ermesinde schéngt dat méiglech ze maachen, wéi dat 16 Joer aalt Victoria Meisse beschreift. „Et huet een einfach Spaass hei an d‘Schoul ze kommen, et ass net langweileg hei. Verbuet oder kee Verbuet, déi meescht Schüler gi souwisou net op den Handy, well mir Spaass hei an der Schoul hunn.“ Och d‘Hannah Jonk, dat direkt op 7ème mam Verbuet ugefaangen huet, vermësst den Handy wärend de Schoulstonne kaum. Et wier éischter de Contraire, et wier méi einfach sech mat de Leit ronderëm ze beschäftegen, wann den Handy net stéiert.

Dass déi richteg Oflenkung den Handy oninteressant mécht, stellt och d‘Diana Lisarelli fest. Si ass Responsabel fir eng Maison Relais zu Beetebuerg. D‘Kanner kréichen an hirer Fräizäit, déi si an der Maison Relais verbréngen, genuch flott Aktivitéite gebueden, dass den Handy net vermësst géif ginn. An der Schoul wier dat sécherlech net esou einfach. Gläichzäiteg kommen d‘Kanner ëmmer méi fréi mat esou techneschen Apparater. Schonn am Cycle 2.2, also dem 2. Schouljoer, géifen et Kanner ginn, déi en Handy oder eng Smartwatch hunn. 
 
D‘Akzeptanz bei de Kanner vun esou Reegele wier iwwerdeems kee Probleem. „Mir hate schonn een, zwee Mol de Fall, dass mir gemierkt hunn, dass e Kand en Handy derbäi huet. Dann hu mir gefrot fir en an d‘Case ze leeën, dat war ni e Probleem“, esou d‘Diana Lisarelli. 
 
Änlech Aussoe komme vun der Directrice adjointe vum Lycée Ermesinde, Tammy Muller. D‘Kanner géifen hiren Handy och net alleguer ofginn, wéi dat vun hinne verlaangt gëtt. „Mä d‘Zeechen ass awer gesat: gëff en emol of. A wa si en halen an net drop kucken, tant mieux, da si si schonn e ganze Schrack weider. Mir spillen hei elo net Handy-Police.“ 
 
Vun den Eltere wier de Feedback – esouwuel an der Maison Relais wéi och am Mierscher Lycée – duerch d‘Bänk positiv. Vun den Eltere kéim éischter Dankbarkeet, fënnt d‘Tammy Muller. „Mir sinn eng Ganzdagsschoul, dat sinn awer 8 Stonnen. Do si ganz vill Eltere rassuréiert, dass si wëssen, dass hir Kanner dann net um Handy hänken.“ 
 
Esouwuel am Lycée, wéi och schonn an der Maison Relais bei deene Klengsten, maachen déi Responsabel Efforten de Kanner de richtegen Ëmgank mam Smartphone oder engem Tablett ze weisen. „D‘Zil ass jo de Kanner ze weisen, wéi een dat richteg kann notzen, sënnvoll benotze virun allem“, esou d‘Diana Lisarelli.