Dat geet aus enger neier Publikatioun vum Statec ervir.

Tourismus Lëtzebuerger / Reportage: Annick Goerens

D'Lëtzebuerger ginn ëmmer méi an d'Vakanz. Eleng am Joer 2023 hunn d'Lëtzebuerger 2,8 Millioune Vakanze-Reese gemaach. 92 Prozent dovunner ware Vakanzen an Europa, 41 Prozent an eisen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland oder an der Belsch. Am Duerchschnëtt huet eng Iwwernuechtung knapp 170€ kascht. 3,5 Milliounen Iwwernuechtunge goufen zejoert iwwerdeems an engem vun den 211 Hoteller oder Aubergen hei am Land registréiert.

D'Lëtzebuerger Residentë ginn am léifste mat hirem eegenen Auto an d'Vakanz. Op der zweeter Plaz ass de Fliger. Wat kascht de Spaass? 1.190 Euro pro Kapp, pro Vakanz. 1.500 Euro pro Kapp fir d’Geschäftsrees. Do dran ass den Transport, d’Iwwernuechtung, d’Iessen an d’Suen fir Aktivitéiten oder Shopping.

Et gëtt een Ënnerscheed gemaach tëscht Business-Reesen, déi 14 Prozent vum Chiffer ausmaachen an touristesche Vakanze mat 86 Prozent. Do ënnerscheet een och nach tëscht Visitte bei Famill a Kolleegen an einfach Vakanz. No der Pandemie hunn iwwregens d'Visitte bei Frënn a Famill däitlech zougeholl, constatéiert de Statec. Wougéint Business-Reesen nach ëmmer net um Niveau sinn vun virun der sanitärer Krise.

450.000 Geschäftsreese goufen zejoert gemaach, déi am Duerchschnëtt 7 Deeg gedauert hunn. D'Iwwernuechtungen hei kaschten dann an der Moyenne 327 Euro.
Mat 33 Iwwernuechtungen am Schnatt pro Resident ass de Grand-Duché dann och Europa-Spëtzt, virun de Schweden an de Finnen. D'Lëtzebuerger hu ronn 22 Milliounen Iwwernuechtungen ausserhalb vun hirem Doheem gemaach – souvill wéi nach ni virdrun.

RTL

Zejoert huet e Lëtzebuerger Resident am Schnëtt 5,5 Vakanze gemaach an ronn 36 Iwwernuechtungen. A Bulgarien, Rumänien an Italien sinn et  3-5 Iwwernuechtungen pro Kapp an a Frankräich, Däitschland oder Holland 16-18. Inegalitéite ginn et och bannent der Lëtzebuerger Bevëlkerung. 2023 hunn zum Beispill 17 Prozent vun de Leit keng eenzeg Rees gemaach. Dat sinn virop eeler Persounen an och Leit, déi manner verdéngen.