De Max Hengel war d'lescht Woch no laanger Krankheet verstuerwen. Den CSV-Politiker hannerléisst eng Fra an zwee Kanner.

Vun e Mëttwoch u kann ee sech an der Musel-Gemeng Wuermer an d'Erënnerungsbuch fir de verstuerwene Buergermeeschter androen. Wien eng kleng Notiz oder och eng Kaart dora wëll hannerloossen, dee fënnt d'Erënnerungsbuch am Sëtzungssall vun der Gemeng.

Den Accès ass d'duerch d'Säitendier vun der Märei, dat méindes bis freides vun 9 bis 12 an nach emol vu 14 bis 16 Auer. Dënschdes ass d'Gemengenhaus e bësse méi laang op, dat da bis 19 Auer.