Déif, breet, séier an haart. Den "Tuning" ass fir eng Rëtsch Leit eng grouss Passioun.

Den "Tuning" u sech ass och net verbueden. Ma net ëmmer sinn oder fueren déi modifizéiert Ween am Aklang mam Gesetz. D'Police constatéiert virun allem, datt déi illegal Tuning-Treffen zougeholl hunn.

Et gëtt ëmmer déi dacks illegal Tuning-Treffen zu Lëtzebuerg / Pit Everling

D‘Rendez-vousen owes op grousse Plaze bleiwen allerdéngs seelen onbemierkt. Dacks melle sech Awunner vu ronderëm wéinst dem Zodi. De Phänomen vun den illegale Rassemblementer ass méi grouss ginn, confirméiert den André Schaack, Commissaire en chef vum Service national de circulation et de sécurité routière vun der Police:

"Wa mer d'Zuele kucken, dann hu mer 2020 eng zéng esou Evenementer gemellt kritt. D'lescht Joer 2023 waren et der 31, also dëst Joer si mer op den Datum vun haut och scho bei 31. Dat heescht, et ass also eng Tendenz do, déi steigend ass."

Virun allem d‘Kommunikatiounsméiglechkeete vun haut maache méiglech, datt sou Evenementer einfach a séier op d‘Been ze stelle sinn. Dacks sinn d‘Organisateuren net hei aus dem Land.

"Dat kann Däitschland sinn, Frankräich, Belsch natierlech, mee do sinn och emol anerer derbäi. Dat geet souwäit, datt Englänner heihinner kommen."

Tuning-Rassemblementer goufen et an de leschte Joren ënner anerem op der Kockelscheier, zu Conter, zu Ettelbréck, zu Iechternach oder nach op der Schmëdd.

Kaméidi a Radau, Verstéiss géint de Code de la route ewéi zum Beispill geféierlech Fuermanöveren, Gefierer, déi technesch net konform sinn an d‘Verkéierssécherheet kënnen impaktéieren. Ënner anerem dës Infraktioune ginn alt festgestallt. An dat kann deier ginn:

"Mir si bei avertissements taxés, déi vu 24 respektiv 49 Euro uginn, an da bis 250 Euro ginn, och deelweis mat engem Verloscht vu Punkten. Mir sinn hei wéi gesot am Contraventiounsberäich. Dat heescht: mir halen en Auto un, wou lauter eenzel Infraktioune festgestallt ginn, dann addéieren déi sech."

Rezent gouf de Code de la route adaptéiert, fir a verschiddene Fäll Saisië méi einfach ze maachen. Och Modifikatiounen, déi d‘Ëmwelt-Reegele betreffen, kënnen zënter enger Zäit kontrolléiert a protokolléiert ginn. Verschidde Policebeamte goufen och extra forméiert, fir den illegalen Tuning besser ze erkennen. Vun der Police ass et op alle Fall de Message, datt ee géint den illegalen Tuning virgeet:

"Mir hu jo an der Vergaangenheet schonn esou "actions coup de poing" gemaach, notamment op der Kockelscheier, wou mer da carrement de Parking zougesat hunn."

Rezent gouf et eng gréisser Tuning-Kontroll an der Stad, wou wärend e puer Stonnen opfälleg Autoen erausgepickt a kontrolléiert goufen.

Wat d‘Rassemblementer ugeet, sou gëtt mat den zoustännegen Acteure gekuckt, fir beléifte Plazen ze reamenagéieren an zum Beispill sougenannte "gendarmes couchés" also Bockelen ze installéieren, fir d'Vitess ze reduzéieren.