Handyverbuet an der Europaschoul um Kierchbierg

© Domingos Oliveira / RTL
Nom Lycée Ermesinde zu Miersch huet elo och d'Europaschoul en Handyverbuet agefouert.
Keen Handy méi an der Schoul - rezent krut jo eng Petitioun déi néideg Ënnerschrëften, sou datt an der Chamber driwwer wäert debattéiert ginn.
Zu Miersch am Lycée Ermesinde ginn et jo och zanter engem Joer Restriktiounen. Ma an der Europaschoul um Kierchbierg, wou en Dënschdeg d'Rentrée war, gëllt zanter e Mëttwoch en Handyverbuet. Déi niddreg Klasse vum éischte bis zum drëtte Joer Secondaire mussen den Handy moies an hirem Schaf aspären an kënnen en eréischt nom Cours nees mathuelen. Am Rucksak däerf den Handy net sinn, soss gëtt et eng Strof.
Déi méi al Schüler däerfen den Handy behalen, mä net an der Schoul benotzen. Dofir awer am Haff an an engem Fräizäit-Raum.
Den Handy soll net verdäiwelt ginn, mä dat soziaalt Zesummeliewe soll nees verbessert ginn.