De Poopst François war de ganzen Dag zu Lëtzebuerg. Um Donneschdegmoie gouf et Gespréicher mam Grand-Duc Henri an dem Premier Luc Frieden.

Lëtzebuerg huet sech eraus gefiizt fir de Poopst / Reportage Pit Everling

Rieden am Cercle

Um 11.50 Auer ass de Poopst am Tunnel an der Entrée vum Palais an den Auto geklommen, fir op d'Zeremonie am Cercle ze fueren. Do gouf hien op en Neits vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Theresa an och vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer a vum Premierminister Luc Frieden erwaart.

Um Wee huet de Poopst d‘Fënster, trotz dem ville Reen erofgemaach, fir sech de Leit, déi laanscht d‘Strooss stoungen, ze weisen.

An de Stroosse ronderëm de Palais an d‘Plëss stoungen trotz dem schlechte Wieder awer Honnerte Leit. Vill Spectateuren hunn a Kaf geholl, plätschnaass ze ginn, fir de Poopst ze gesinn an eng Foto ze maachen. Um 12 Auer ass de Poopst François beim Cercle bäigefuer. A sengem Rollstull gouf hien an der Entrée vum Cercle kuerz a Richtung vun de ville Spectateure gedréint, fir deenen ze wénken.

Ried vum Luc Frieden am Cercle
De Luc Frieden seet dem Poopst Merci fir seng Visitt zu Lëtzebuerg. Déi komplett Ried am Replay

Am Cercle hält de Premier Luc Frieden viru villen Éieregäscht, drënner d‘Regierung a vill Deputéierter, eng Ried. Hien ass ënnert anerem op d‘Trennung tëscht Staat a Kierch zu Lëtzebuerg agaangen. Déi wär positiv. Dat géif awer net heeschen, dass Reliounen an der Gesellschaft net wichteg wären, esou de Premierminister. Hien huet ervirgehuewen, dass Wäerter an enger Gesellschaft noutwenneg sinn. Wäerter, déi wichteg wäre fir de Fridden an Europa an der ganzer Welt. Kricher an intern Konflikter a ville Länner stéingen hautdesdaags awer am Widdersproch zu deene Wäerter. D‘Politiker misste sech weltwäit fir Fridden, Demokratie, Mënscherechter an dat internationaalt Recht asetzen, esou de Premierminister.

Um 12.10 Auer huet de Poopst François dunn eng éischte Kéier d‘Wuert ergraff. Dat op Italieenesch.

Hien huet drun erënnert, dass de Grand-Duché an der europäescher Geschicht dacks am Mëttelpunkt stoung. Lëtzebuerg hätt jo och d‘Erfarung gemaach, vun aneren ënnerdréckt ze ginn. Awer ni opgehalen hätt, fir de Fridden ze kämpfen. Och am Europäesche Projet hätt Lëtzebuerg sech ëmmer fir de Fridden agesat, esou de Poopst François.

Hien huet ervirgehuewen, dass Diskriminéierung grouss Gefore mat sech bréngt. Ma d‘Diere vu Lëtzebuerg stéingen op. D‘Solidaritéit tëscht de Leit wär wichteg. Déi Äermst an déi um Bord dierften net vergiess ginn. Et dierft ee kee marginaliséieren, esou den Appell vum Poopst François.

Explizitt ass de Poopst net op dat däregt Thema Caritas Lëtzebuerg agaangen. Den Accent vu senger Ried louch awer och op deem Karitativen. Dat kéint een als Appell verstoen, déi kierchlech Sozialléier och ze liewen.

D‘Immigratioun war e grousse Sujet a senger Ried. De Poopst huet bedauert, dass d‘Flüchtlingsfro Rëss an den Zesummenhalt um europäesche Kontinent bruecht huet. Hien huet un d‘Volontéit appelléiert, sech géigesäiteg ënner d‘Äerm ze gräifen. D‘Aufgab vun engem Land am Zentrum vun Europa wéi Lëtzebuerg wär et, Relatiounen ze stäerken.
Och um Enn vu senger Ried huet de Poopst dem Grand-Duché nach eng Kéier fir seng oppe Kultur gratuléiert, och vis-à-vis vu Migranten.

De Poopst schéngt mam Bléck op d‘Gebuertenzuelen awer besuergt iwwer d‘Zukunft vu Lëtzebuerg ze sinn. Dat stoung sécherlech net a sengem Manuskript, ma hien huet den Appell gemaach, et missten nees méi Kanner hei op d‘Welt kommen. Eng spontan Ausso, bei där souwuel hie selwer an och vill Éieregäscht e bësse geschmunzelt hunn.

Um 12.35 Auer war de Poopst fäerdeg mat senger Ried an hie krut Applaus.

Pénktlech um Findel gelant

Och wann et mat e bësse Retard zu Roum lassgoung, war de Poopst pénktlech um 10 Auer um Findel gelant. Do gouf hie mat militäreschen Éieren empfaangen. Zaldote stounge Spaléier an d‘Militärmusek huet ënnert der Leedung vum Chef-adjoint Jean Thill verkierzte Versioune vun den Nationalhymne vum Vatikan a Lëtzebuerg gespillt.

Offiziell empfaange gouf de Poopst vum Grand-Duc Henri, der Grande-Duchesse Maria Teresa an dem Premierminister Luc Frieden. Virum Salon d‘honneur um Findel huet de Pontifex dunn och aner Offizieller begréisst, dorënner de Chamberpresident Claude Wiseler. Awer och d‘Vertrieder vun der kathoulescher Kierch mat natierlech dem Kardinol Jean-Claude Hollerich.

De Wee vum Poopst an engem wäisse Fiat 500 L, an d‘Stad bei de Palais war aus Sécherheetsgrënn geheim. 
Um 10.50 Auer war et dunn d‘Arrivée vum Poopst François beim Palais. Och do stoung d‘Groussherzoglech Koppel prett, fir den héije Besuch z‘empfänken. Et waren och Spectateure virum Palais, wann och e puer manner ewéi erwaart.

Eng Familljefoto mat engem groussen Deel vun der groussherzoglecher Famill am Palais gouf gemaach. Ënnert anerem huet de Prënz Charel, den éischte Fils vun der ierfgroussherzoglecher Koppel Stéphanie a Guillaume, dem Poopst dierfe Moie soen.

De Poopst krut Kaddoe vun der groussherzogleche Koppel iwwerreecht an och déi gëlle Rous vun der Grande-Duchesse Charlotte gewisen.

Den Tour mam Papamobil 

RTL Spezial Poopst: Mam Papamobil duerch d'Stad.
Eis Spezialemissioun am Replay: den Tour mam Papamobil duerch d'Stad.