
Wéi d'Police e Mëttwoch de Moie matdeelt, ass dobäi e Mann vun 43 Joer ëm d'Liewe komm. Hie gouf wärend de Läschaarbechten a senger Wunneng fonnt. D'Ursaach vum Feier ass den Ament nach onbekannt. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert an huet eng Autopsie vun der Läich, wéi och eng Enquête zur Ermëttlung vun der Brandursaach lancéiert.
Am Bulletin vum CGDIS ass ze liesen, datt d'Pompjeeë vu Konsdref, Iechternach, Uesweller an e SAMU aus der Stad um Rettungsasaz bedeelegt waren.