Loosst den Dag vun der Poopstvisitt zu Lëtzebuerg nach eemol Revue passéieren

© Afp
Um Donneschdeg war de Besuch vum Poopst definitiv den zentrale Sujet an den nationale News. Hei alleguerten eis Reportage aus dem Journal op ee Bléck!
Vun der Landung bis an de Cercle
De Poopst François war de ganzen Dag op Visitt zu Lëtzebuerg. Um Donneschdegmoie gouf et Gespréicher mam Grand-Duc Henri an dem Premier Luc Frieden, dono goung et an de Cercle a mam Papamobil bei d'Leit, déi de Geeschtlechen an d'Stad kucke koumen.
Public Viewing vum Poopst am Altersheem
Public Viewing gouf et en Donneschdeg de Mëtteg an engem Stater Altersheem. Méi prezis an der Seniorie St. Jean de la Croix vun der Zitha. 25 eeler Leit hunn am Sall d'Live Iwwerdroung vun der Poopst Visitt op RTL gekuckt. Gutt Stëmmung an och vill Leit waren de ganzen Dag iwwer och an der Stad. Souwuel ronderëm de Cercle, de Palais oder um Passage vum Poopst François a sengem "Papa Mobilé".
En Espresso fir de Poopst
An der Rue Notre-Dame an der Ënneschtgaass schéngt de Poopst wärend senger Visitt am Grand-Duché Loscht op eng Taass Café, méi genee en Espresso kritt ze hunn a war kuerzerhand an e Café eragaangen. Heivir huet hie seng ugekënnegt Mëttespaus ënnerbrach an huet sech eraus ënner d'Leit gemëscht.
De Poopst an der Kathedral
D'Muttergottes krut wärend de Feierlechkeeten an der Kathedral eng Gëlle Poopst-Rous iwwerreecht, dat am Kader vum Lancement vum Jubilé zu Éiere vun der Tréischterin. D’Consolatrix Afflictorum bitt schonn zënter 400 Joer deenen Trouscht, deenen et schlecht geet. No der Gëllener Rous déi d’Grand-Duchesse Charlotte 1956 als lescht kathoulesch Perséinlechkeet iwwerhaapt vun engem Poopst krut, ass dëst déi zweet prestigiéis Éierung vum Hellege Stull u Lëtzebuerg.
De Bistum huet zu Éiere vum Poopst 160.000 Euro u Spenden kritt. Dës Täsche voller Geld géif hie Lëtzebuerg zréckschécken, fir deenen ze hëllefen, déi als Friemer un eis Dier klappen. Kuerz virdrun hat de Poopst François Leit a Regierung Merci gesot, fir eis virbildlech Haltung a Saachen Immigratioun.
Sécherheet gëtt grouss geschriwwen
Eng Poopstvisitt ass natierlech eng ganz grouss Erausfuerderung a Punkt Sécherheet. Sou däerft dem Poopst säi spontanen Ausfluch an e Café fir weider Stress gesuergt hunn. Och um Parcours vum Papamobil op der neier Bréck gouf et e klengen Tëschefall, wou d’Police huet missen agräifen.