Aussoe vum Poopst François am Kader vu senger Visitt de leschte Weekend an der Belsch hu fir vill Onmutt gesuergt.

De Poopst hat d'Roll vun der Fra op Fruchtbarkeet reduzéiert a Schwangerschaftsofbroch als Mord bezeechent. Dokteren, déi Avortemente maachen, wieren "Optragsmäerder." Och de Fraerot zu Lëtzebuerg fënnt des Aussoen skandaléis. 
 
D'Positioun vun der Fra an der kathoulescher Kierch ass bekannterweis en däregen Dossier, ma de soss éischter als progressiv bezeechente Poopst François huet bei senger Visitt hei zu Lëtzebuerg an an der Belsch mat extrem konservativen Aussoe polemiséiert.

D’Anne Wolff huet bei Kierch- a Fraerechtsorganisatioun nogefrot, wéi een domat ëmgeet.

Kritesch Reaktiounen no Poopst-Aussoen
De Poopst hat d'Roll vun der Fra op Fruchtbarkeet reduzéiert a Schwangerschaftsofbroch als Mord bezeechent.