Wann Onéierlecher mat Detailer kommen, déi bal keen Zoufall méi kënne sinn
Reegelméisseg kritt ee mat, sief et vu Betraffenen oder der Police, datt nei Arnaquen am Ëmlaf sinn, wou probéiert gëtt, vun den Affer Suen ze kréien.
Ganz rezent war ech selwer indirekt vun esou enger Arnaque betraff. Een Onéierlechen huet sech bei mengen Elteren als mech ausginn, dat mat Detailer, déi erschreckend fir en Zoufall sinn. Mä, elo mol vu ganz vir.
Rezent hat ech mat mengem Papp e Gespréich, datt ech mat mengem Provider net ganz zefridde sinn an dowéinst eventuell wéilt wiesselen. Esou war hien net driwwer erstaunt, wéi hien dunn eng SMS vun enger onbekannter Lëtzebuerger Nummer krut: "Moie Papp, dëst ass meng nei Nummer, schéck mir e Message op WhatsApp". Wat u sech als "Warnzeeche" vun Arnaque gëllt, war duerch d'Gespréich, wat mir e puer Deeg virdrun haten, op eemol ganz normal. Interessant un dëser Versioun vun der Arnaque ass dann och nach, datt den Onéierleche selwer direkt en zweete Kanal fir d'Kommunikatioun proposéiert. Eppes, wat een u sech als Affer ugerode kritt ze maachen, wann een net sécher ass.
Esou ass d'Kommunikatioun weider op WhatsApp gaangen. De falsche Kevin huet dann och "probéiert", unzeruffen, fir nach méi legitim ze wierken, ma wuel gouf et mam "alen Handy", dee kuerz virdrun erwäänt gouf, Problemer. Et huet ee just e Rauschen héieren. Iwwregens héiert ee genau dëst Rauschen och, wann een net iwwer WhatsApp op déi Nummer urifft. Eng Persoun hieft op, et mécht Kaméidi. "Ech kréie muer mäin neien Telefon, dësen alen funktionéiert net richteg", ass de Constat vum Onéierlechen, deen direkt dono e Problem ernimmt. Hie muss Suen iwwerweisen an huet aktuell keng Méiglechkeet dat ze maachen. Ob de Papp him do aushëllefe kann?
Dësen, deen nach ëmmer dovunner ausgeet, datt ech et sinn, wëll natierlech hëllefen. Datt hien d'Suen e Méindeg zeréckkréie kéint, kléngt och net onwarscheinlech, well him hei nees e Gespréich mat mir an de Kapp kënnt: De Kevin ass de Weekend fort, huet also wuel e Méindeg eréischt Zäit an d'Méiglechkeet, sech drëm ze këmmeren. Also ginn d'Bankdaten ugefrot an vum Onéierlechen och geschéckt.
D'Iwwerweisung soll bei e gewëssen Atilla E. goen, op en däitsche Kont. En Total vun 3.882,38 Euro. Do ass mäi Papp stutzeg ginn. "Du géifs mech ni froen, esou vill Suen op e frieme Kont ze iwwerweisen, ouni mat mer geschwat ze hunn", zielt mäi Papp mir. Och, datt ech eng Confirmatioun fir d'Iwwerweisung géif froen, wier komesch. Zesumme mat menger Mamm huet hien decidéiert, datt hei eng faul wier an huet emol probéiert, op meng "al", also meng richteg Handysnummer, unzeruffen.
No engem kuerze Gespréich hat sech d'Saach séier gekläert. Mäi Papp huet Screenshotte gemaach an d'Nummer op WhatsApp blockéiert. Suen hunn de Besëtzer net gewiesselt. De klengen Zäitverloscht war ze verkraaften.
Arnaque ginn ëmmer méi raffinéiert
Wéi ech d'Screenshotte krut, war ech schockéiert. Virun e puer Joer nach hätt een direkt an der zweeter Zeil vum Text erkannt, datt dat, wat do steet, kee Lëtzebuergesch ass, respektiv datt et esou voller Syntax- a Schreiffeeler ass, datt et net vu mir kéint sinn. Mä hei, déi Texter waren, mat e puer vereenzelte Wierder oder klenge Feeler, wat d'Lëtzebuergescht betrëfft, vill besser wéi villes, wat ech am Alldag begéinen. Do war eppes Performantes dohannert, fir d'Leit unzeschmieren.
Weider sinn ech iwwert verschidden Detailer schockéiert. Ok, d'Arnaque mat der neier Nummer ass net nei, huet an dësem Fall awer op d'Situatioun gepasst. Datt ech d'Suen e Méindeg géif zeréckiwwerweisen, wier och net onwarscheinlech gewiescht. Vill Aussoen, déi duerch pueren Zoufall gutt gepasst hunn.
An dësem Fall ass d'Situatioun jo gutt ausgaangen, datt awer d'Gespréich esou wäit gefouert gouf an, datt Leit op esou eng Situatioun erafale kënnen, gëtt mir, deen awer vill mat esou Saachen am Alldag ze dinn huet, bewosst an ech verstinn et och ëmmer méi. De mësslongen Uruff, net just eng Kéier, d'Geschicht ronderëm, verschidden Detailer. Dofir ass et och wichteg ze soen: Een, deen op eng Arnaque erafält, ass net den Dommen an dëser Saach, mä ganz reell en Affer, datt op eng zanter Jore verbessert an antëscht ganz affrontéiert Arnaque eragefall ass. Dofir brauch ee sech net ze schummen, mä et soll ee sech dogéint wieren!
Spoofing-Attack fir illegal un Nummeren ze kommen
"Wat kann ee maachen, fir sech ze schützen?" Déi Fro hunn ech mer gestallt a mech bei BeeSecure gemellt. Déi ganz Affär ass schonn zimmlech komplex, hunn ech bei der Analys erausgestallt. An dat hunn d'Experte mer confirméiert.
Esou notzen déi Onéierlech eng Spoofing-Attack, also en illegale Wee mat enger gespoofter Nummer, fir sech iwwert dee Wee bei WhatsApp anzeloggen. Dat ass dacks de Fall, wann déi Onéierlech just iwwer WhatsApp wëlle kommunizéieren. Iwwert de Spoofing kënne si un déi Confirmatioun-SMS kommen an esou WhatsApp notzen an dat geet u sech esou laang, bis de Besëtzer vun der Nummer sech do selwer registréiert an déi aner erausgehäit.
A mengem Fall ass dat scho méi komplizéiert, well effektiv direkt dräi Kanäl (WhatsApp, SMS an Telefon) op der enger Nummer genotzt gi sinn. Entweder ass et eng "doudeg" Nummer, déi kee méi notzt an de Besëtzer weess dëst emol net, oder effektiv eng Nummer, déi vum Onéierleche kaf gouf, wat awer éischter onwarscheinlech wier, well een dee Besëtzer séier erausfanne géif.
"Money Mule": Onéierlechen de Kont zu Verfügung stellen
De Bankkont an Däitschland ass echt. Soss wier et den Onéierlechen net méiglech, u Suen ze kommen. Dacks gehéieren dës Konten sougenannte "Money-Mules", also Leit, déi just Suen "transportéieren". Si gi meeschtens online kontaktéiert a gi mat an d'Boot geholl. Si selwer sinn dacks och Affer, déi sech strofbar maachen. Well si kréien d'Suen op hire Kont an iwwerweise dacks weider op Konten, déi am Ausland sinn. Dacks a Länner, déi net mat InterPol kooperéieren, esou, datt d'Suen net zeréckverfollegt kënne ginn. D'Sue kënnen awer och bor opgehuewe ginn, iwwer Western Union verschéckt ginn oder an eng anonym Wärung, wéi BitCoin, ëmgewandelt ginn. Fir dës "Aarbecht" dierfen d'Mules dann eng kleng Kommissioun halen.
Si maache sech awer domadder strofbar, well dëst eng Aart vu Geldwäsch ass, heescht et vu BeeSecure. Am Prinzip misste si och dofir haften an den Affer d'Suen zeréckbezuelen.
Wat soll ee maachen?
Wann ee keng Suen iwwerwisen huet, ass et ganz einfach. D'Diskussioun ofbriechen a se bei WhatsApp mellen. Och net op Menacen agoen, och wann d'Täter behaapten, datt se wëssen, wou ee wunnt.
Sollt een da Suen iwwerwisen hunn, direkt der Bank Bescheed soen, déi eventuell nach reagéiere kann. An a béide Fäll op alle Fall eng Plainte bei der Police maachen.
Wat d'Telefonsnummer betrëfft, esou kann een déi iwwer Telefon, also net WhatsApp, uruffen. Sollt déi Persoun selwer en Affer vu Spoofing gi sinn, weess déi ganz gären emol net, dat dëst iwwerhaapt de Fall ass. Esou kann ee si drop opmierksam maachen, datt hir Nummer fir kriminell Zwecker genotzt gëtt a si ka sech dogéint wieren. Dat ënner anerem duerch d'Alogge am WhatsApp, wouduerch een déi Kriminell ausloggt.
An den allermeeschte Fäll rifft een eng Persoun un, déi selwer Affer ass an et net weess. Hei gëllt et, selwer roueg a sachlech ze bleiwen, well net jiddereen, hëlt et gutt op, wann een informéiert gëtt, datt een a kriminell Handlunge verwéckelt gouf.
Wéi geet et weider?
Ech selwer hat déi ominéis Lëtzebuerger Nummer selwer probéiert, unzeruffen a krut och just e Rauschen ze héieren. Ech hunn de Provider vun der Nummer kontaktéiert, déi der Affär elo noginn.
No engem Gespréich mat mengen Elteren hunn dës mer matgedeelt, datt si op d'Police ginn an eng Plainte an dëser Affär maachen. Fir si war et och wichteg, datt ech dës Geschicht erzielen, fir aner Leit op dës Arnaque opmierksam ze maachen. "Mir hate Chance a wëllen och verhënneren, datt aner Leit drop erafalen", huet meng Mamm gesot.