Laurent Zeimet demissionéiert, Stéphanie Weydert als Nofollgerin proposéiert

© RTL Archivbild
De Laurent Zeimet huet no just engem Mount als President vun der Caritas-Spezialkommissioun demissionéiert.
Den CSV-Deputéierten huet eis d'Nouvelle vum 100,7 confirméiert. Als Grond nennt de Beetebuerger Buergermeeschter e méiglechen Interessekonflikt, well hien an der Affekoten-Etüd Schiltz & Schiltz ageschriwwen ass.
En Donneschdeg soll an der Plenière e Successeur nominéiert ginn. Eisen Informatiounen no soll d'CSV-Ost-Deputéiert Stéphanie Weydert proposéiert ginn, fir d'Presidence ze iwwerhuelen. Den CSV-Nord-Deputéierte Charel Weiler soll fir de Laurent Zeimet als Member an d'Kommissioun noréckelen.
An der spezieller parlamentarescher Kommissioun soll den Detournement bei der Caritas an Héicht vun 61 Milliounen opgeschafft ginn.