"D'Situatioun bei Liberty Steel zu Diddeleng ass den Ament dramatesch"
© Archivbild
Déi knapp 150 Leit, déi nach do schaffen, kruten hir Paie vum Oktober nach net, obschonn dëser Deeg déi vum November scho misst ënnerwee sinn.
Liberty Steel kann de Gewerkschafte mol net soen, ob se iwwerhaapt nach d'Moyenen hunn, fir d'Leit ze bezuelen a wéini, seet de Stefano Araujo vum OGBL. D'Tensiounen am Betrib géifen ëmmer méi grouss ginn, well zënter zwee Joer schonn näischt méi géif produzéiert ginn. D'Personal wier just nach do, fir sech ëm d'Wierk ze këmmeren an op d'Maschinnen opzepassen.
Datt déi net lafen, léich net drun, datt et keen Interêt fir d'Produite vu Liberty Steel géif ginn, mä datt keng Sue fir d'Matière Première do sinn. Et muss dréngend eppes änneren, betount de Stefano Araujo vum OGBL:
"Eng grouss Fuerderung vun de Leit a vum OGBL ass, datt Liberty Steel einfach fortgeet. Et gëtt Zäit, datt Liberty Steel de Site verkeeft oder datt Liberty Steel endlech erausgehäit gëtt. Souwisou: wann et zu enger Faillite kënnt, geschitt dat. Mir wëssen, datt Repreneuren do sinn, déi um Wierk intresséiert wieren, mä et blockéiert alles um Niveau vu Liberty."
Dëser Deeg hunn den OGBL an den LCGB och den Aarbechtsminister gesinn, fir mat him iwwert d'Situatioun ze schwätzen. De Georges Mischo hätt verséchert, datt een alles mécht, wat ee kann, fir de Leit ze hëllefen, esou den OGBL.
"Dat ass e wichtege Message fir eis, well an där Situatioun, wou mer sinn a ganz no un enger Faillite, do brauche mer d'Ënnerstëtzung vum Ministère."
De Stefano Araujo präziséiert och, datt déi juristesch Prozedur leeft, fir datt d'Leit hir Salairë kréien. Dat kann allerdéngs daueren.