Der Vertriederin vun der Policegewerkschaft Marlène Negrini no géifen, wann d'Dot net poursuivéiert gëtt, d'Ressourcë bei der Police verschleidert ginn.

Zu Lëtzebuerg wiisst d'Populatioun an dat bréngt mat sech, datt och d'Zuel vun de Strofdoten an d'Luucht geet. Ma well et bei der Justiz ee Personalmanktem gëtt, gi just nach déi méi grave Infraktioune suivéiert. Dat huet de Procureur général d'état Martine Solovieff dës Woch op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz erkläert, nodeem et Kritik vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer gouf. Eng Ausso, déi ee bei der Policegewerkschaft SNPGL nawell zimmlech problematesch fënnt.

Policegewerkschaft iwwer Aussoe vu Solovieff / Reportage Marc Hoscheid

Datt et u Leit feele géing, wier zwar scho länger gewosst, mä et hätt dann awer nach een aneren Impakt, wann esou Aussoen an der Ëffentlechkeet gemaach géinge ginn, esou d'SNPGL-Presidentin Marlène Negrini. 
 
"U sech ass et ee Schlag an d'Gesiicht wéi Dir sot. D'Policeaarbecht gëtt net appreciéiert an en plus gëtt de Geck gemaach mat de Leit. Well déi verbrénge jo wéi gesot scho Stonne beim Computer, wou se aner Policeaarbecht kéinte maachen, wat och wichteg ass."
 
Am Fong misst all Verstouss géint d'Gesetz aktéiert ginn, ma wann dat kee Suivi kritt, da géinge Ressourcë verschleidert ginn. Beim SNPGL stéiert ee sech och dorunner, datt een net wéisst, wéi eng Infraktiounen als "wichteg" ugesi ginn.
 
"Dat kënne mir net beäntweren, wann den Dossier bei der Police fort ass, kréien d'Polizisten u sech net méi mat, wat mat hirem Dossier geschitt. A wann de Suivi vun enger Enquête muss gemaach ginn, da geet et natierlech direkt bei d'Police judiciaire. A wéi gesot, de Basisprotokoll gëtt vun de Polizisten an Uniform geschriwwen a wa kee Basisprotokoll do ass, gëtt et och keng Enquête."

RTL

© Tom Zeimet

Datt et esouguer trotz Protokoll dacks keng Enquête gëtt, géing iwwerdeems a Widdersproch zu enger anerer Ausso stoen.
 
"An da gëtt och nach gesot, et wieren net genuch Enquêteuren do, mä wann d'Hallschent vun der Aarbecht, soen ech lo mol, an d'Poubelle flitt, da wieren ënnert dem Stréch jo awer genuch Enquêteuren do."
 
D'Martine Solovieff hat mat Bléck op den ugeschwate Personalmanktem gemengt, datt nieft der Magistratur och bei der Police judiciaire verstäerkt misst rekrutéiert ginn. Dozou d'Marlène Negrini:
 
"Ech soen awer, et muss global an der Police rekrutéiert ginn. Well all Polizist ass Enquêteur, och wann dat just am judiciairë Beräich gebraucht gëtt. Mä och de Polizist an Uniform ass een Enquêteur an dofir kann och all Polizist an Uniform sech bei d'Police judiciaire mellen, dat steet jidderengem fräi. An dowéinst muss och global an der Police rekrutéiert ginn."
 
D'Marlène Negrini bedauert dann och nach, datt d'Aussoe vun der Procureur général ee falscht Signal un d'Gesellschaft am Allgemengen a virun allem u potenziell Täter wieren.
 
Fir den 20. Januar ass souwisou eng Entrevue tëscht der Policegewerkschaft an dem zoustännege Minister Léon Gloden geplangt. Do géing een da probéieren, och d'Thema vum juristesche Suivi unzeschwätzen, esou d'Marlène Negrini.

Schreiwes um Freideg den Owend vun der Douanesgewerkschaft

D’Douanesgewerkschaft schléisst sech der Ausso vun der Präsidentin vun der Policegewerkschaft un. Et muss ee wëssen dass d’Douane nieft der Police och eng grouss Unzuel u Procès verbaux ausstellt. Dat geet vum Acciseberäich a Cash control am Kader vu Geldschmuggel, Kontroll vun de Stéiervignetten iwwert de ganze Volet vun den attributions policières et sécuritaires wéi zB d‘Drogebekämpfung a Schmuggel vun illegale Wueren, de Santésberäich, ITM-beräich a Camionskontrollen fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Bis elo war et offiziéis an no der Ausso vun der Procureur général d'état Martine Solovieff ass et jo dann elo offiziell dass vill Dossieren ouni juristesche Suivi bleiwe well schlicht an einfach e notoresche Personalmanktem beim Parquet besteet. Mir stellen d’opportunité de poursuite déi exklusiv beim Procureur d’état läit net a Fro mee par contre de sans suivi dû au manque de personnel. Dat ass e schlecht Signal fir de Beamten dee constatéiert a sech mat esou Dossieren ausernee setze muss, am Wëssen dass Chance bestinn dass seng Aarbecht fir näischt war. Wann de Procureur d’état seet dass kleng Infraktioune fale gelooss gi bedeit dat och fir d’Delinquanten dass se evaluéieren op hinnen eppes geschitt an domat quasi e Fräifaartsschäin ausgestallt kréien. De Respekt vis à vis vum Douanier, deen an esou Fäll seng Aarbecht ausféiert, gëtt an dee Moment mat de Féiss getrëppelt.
 
Mat beschte Gréiss
 
Steve Brickler
Präsident