Verdacht op Fraude a Froe ronderëm Kontrakter
© Didier Weber / RTL
Bei der Associatioun CASA waren am November méi wéi d'Hallschent vun de 34 Leit, déi do beschäftegt waren, entlooss ginn.
Dat nodeems Onreegelméissegkeete vun der ITM an der Adem festgestallt gi waren, wéi duerch verschidde Presseartikele bekannt gouf. Deemno goung et do ëm d'Gestioun vu Congéen an den Aarbechtskontrakter. D'Associatioun, déi zanter 45 Joer zu Lëtzebuerg aktiv ass, huet Chômeure Kontrakter fir eng bestëmmten Zäit ugebueden, déi vun der Adem finanzéiert goufen.
An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Sven Clement confirméiert de CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo, datt et 2024 dräi Kontrolle vun der Adem an der ITM bei CASA goufen. Dat op Grond vun Denonciatiounen. D'Leit déi am September 2024 do an enger "Occupation temporaire indemnisée" agestallt waren, goufen och op d'Adem invitéiert. No hirer Entloossung am November hätt d'Adem mat den 18 concernéierte Leit no Alternative fir hir berufflech Zukunft gekuckt. Verschidde Leit hätten och nees ugefaange mat schaffen oder géinge geschwënn nees ufänke mat schaffen.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo, de Familljeminister Max Hahn an d'Adem-Directrice Isabelle Schlesser hunn den Deputéierten an den zoustännege Chamberkommissioune weider Explikatiounen zu der Situatioun ginn. Do goung et virun allem ëm Froe ronderëm Kontrakter, ënnert deenen d'Leit beschäftegt waren.
Déi 18 Leit, déi entlooss goufen, waren an enger sougenannter "Occupation temporaire indemnisée", kuerz OTI. Haut dierfen ASBLë keng esou Kontrakter ofschléissen. D'Adem-Directrice Isabelle Schlesser huet den Deputéierten awer confirméiert, datt dat virdru laangjäreg Praxis war. Zu engem gewëssen Ament ass et awer zu enger Ausnamereegelung komm, sou de Minister Mischo. "Et ass vun engem viregten Aarbechtsminister festgehale ginn, dass d’CASA a.s.b.l. als Fondatioun ze consideréiere wier an deemno eligibel wier, fir OTI-Verträg ofzeschléissen", heescht et an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro. Eng Decisioun, déi a Fro ze stelle wier, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard, déi gefrot hat, datt an der Kommissioun iwwert d'Problemer bei Casa geschwat gëtt.
"Bei der Associatioun CASA gouf bis elo virun e puer Méint eng Ausnamereegelung applizéiert an zwar anscheinend op Uerder vun engem viregten Aarbechtsminister, dee gesot huet, bei CASA, quitt, dass et eng ASBL ass, traitéiert déi wgl. wéi eng Fondatioun, wat se net waren, soudass déi vun deenen OTI-Mesurë kënne weider profitéieren. An do ass ganz sécher en Traitement préférentiel geschitt."
Wéi ee Minister wéist een aktuell net, déi Informatioun soll nogereecht ginn. D'LSAP-Deputéiert Claire Delcourt, där hir Partei an de leschten 10 Joer eng Rei Aarbechtsminister gestallt huet, seet si hätt net méi Informatiounen, hätt awer net den Androck, datt et hei schlecht Intentioune ginn hätt.
"Ech mengen, et ass éischter drëms gaangen, esou hu mir dat elo mol gesot kritt, dass et ëm d'Aktivitéit social gaangen ass, dass déi Leit eigentlech eng sozial Aktivitéit haten an, dass dat awer elo net an eng Intentioun gaangen ass, déi elo béiswëlleg war oder esou."
Fir de President vun der Aarbechtskommissioun, de CSV-Fraktiounschef Marc Spautz, ass och net esou kloer, ob just bei Casa eng Ausnam gemaach gouf. Virum neien ASBLsgesetz hätt et e Flou ginn, wien déi Kontrakter kéint ofschléissen, an et wéilt een elo klären, wéini deen opgehuewe gouf.
Fest steet, datt et Onreegelméissegkeete bei der Associatioun gouf, wéinst deenen et Denonciatioune gouf. D'Deputéiert schwätzen no der Kommissioun vum Verdacht op Fraude. Méi Detailer wier een awer net gewuer ginn, well aktuell Enquêtë vum Parquet a vun der ITM lafen. Deene wéilt een och net virgräifen, esou de Marc Spautz
"Mee mir wëllen awer an der Travailskommissioun, zesumme mat de Kolleege vun der Familljen, insgesamt eng Kéier iwwert déi EMIS-Kontrakter (Aide à l'embauche de chômeurs de longue durée, ndlr), iwwert déi OTI-Kontrakter kucken, fir dass mer dat besser dann encadréiert kréien, fir dass esou Saachen, wéi dat do net méi solle virkommen."
Eng generell Diskussioun, déi an den Ae vun der ADR och néideg wier. Vun der DP huet et geheescht, et wéilt een der Fro op de Fong goen, firwat ASBLen dës Zort Kontrakter net dierften ofschléissen.



















