Gesondheetsberuffer nees attraktiv maachenEt wier keng laangfristeg Léisung, op Personal aus Grenzregioun zréckzegräifen

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg stoungen an der Chamberplenière ënnert anerem d’Gesondheetsberuffer um Ordre du jour.
© Shutterstock

Konkret goung et an enger Interpellatioun vum CSV-Deputéierte Marc Spautz ëm d’Wichtegkeet an d’Revalorisatioun vun de Gesondheetsberuffer. Bei eppes ware sech d’Deputéiert alleguer eens. Et wier keng laangfristeg Léisung op Personal aus de Grenzregiounen zeréckgräifen. Méi attraktiv kéinten d’Gesondheetsberuffer ënnert anerem duerch besser Karriärméiglechkeete mat kloren Opstigchancen an duerch eng besser Work-Life-Balance ginn, esou de Marc Spautz. Eise Gesondheetssystem wier och staark zentral organiséiert.

“Mee mat enger wuessender a méi diverser Bevëlkerung brauche mir och dezentraliséiert Ulafstellen. Ulafstellen, déi gutt matenee verbonne sinn. Dat beinhalt och méi ambulant Zenteren, besser Berodung an eppes, wat mir ganz besonnesch uewe läit, Preventiounsservicer. Well ech nach ëmmer der Meenung sinn, datt alles, wat mer an d’Preventioun investéieren, vläicht am Ufank méi deier gëtt, mee laangfristeg ee Gewënn ass fir d’Gesellschaft, well da brauche mer och do herno manner ze investéieren.”

Den LSAP-Oppositiounsdeputéierte Georges Engel huet un d’Wichtegkeet vun de Passerellen tëschent den eenzelen Diplomer a Beruffer am Gesondheetssecteur erënnert. Amplaz nei Formatiounen auszeschaffen, sollt een déi aktuell Formatiounen an Attributiounen iwwerschaffen.

“Dës sollen den tatsächleche Kompetenzen an Aufgabe vun deenen eenzele Beruffer Rechnung droen. Si sollen hinnen erméiglechen, sou vill wéi méiglech eegestänneg ze schaffen. Dofir hunn déi Leit dee Beruff jo och gewielt. Amplaz Executant ze sinn, wollte se eegestänneg schaffen an dat mécht de Beruff jo och attraktiv a kann dann och aner Beruffer entlaaschten. A wichteg ass et, datt eng kloer a pertinent Analys gemaach gëtt, wien a wéi enger Situatioun am Beschte kann hëllefen, wéi d’Opdeelung vun den Aufgaben a vun de Responsabilitéite gereegelt gëtt.”

Wat d’Passerell tëschent dem Aide soignant an dem Infirmier en soins genéraux ugeet, esou huet d’CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez annoncéiert, datt hei eng Analys gemaach gëtt. Zesumme mat der COPAS an der FHL hätt een decidéiert, dofir eng Taskforce anzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO