D'Ekippe vum CGDIS, de Fräschmänner an der Police waren um Asaz bedeelegt.

E Sonndeg de 26. Januar 2025, géint 19h20 Auer gouf e Mann gemellt, dee méiglecherweis op der Héicht vun der Rue du Pont am Pafendall an der Stad an d'Waasser vun der Uelzecht gesprongen ass. Doropshin gouf eng gréisser Sichaktioun vun de Rettungsekippen an d'Weeër geleet.

Am Beräich Pafendall an Eech hunn d'Ekippe vum CGDIS, de Fräschmänner a vun der Police an a laanscht d'Uelzecht gesicht.

Géint 22 Auer huet et op der Plaz geheescht, den Asaz wier eriwwer an et wier näischt fonnt ginn. E Méindeg de Moien huet d'Police dëst och confirméiert gehat. E Freideg dunn, huet d'Police dann Leit opgeruff, sech als Zeien ze mellen, falls se eppes solle gesinn hunn oder eppes méi iwwert d'Persoun wëssen.

D'Persoun selwer soll wärend dem Zäitpunkt wéi se verschwonnen ass e roude Kaputzepullover a wäiss Schong ugehat hunn. Informatioune vun der Police no, soll op der Plaz e weidere Mann gewiescht sinn, deen der vermësster Persoun entgéint geruff huet. Dëse Mann soll eng brong Jackett ugehat hunn.

Deemno ginn elo de Mann mat der bronger Jackett, respektiv soss Zeie gesicht, déi nëtzlech Informatiounen zum Virfall kéinten hunn. Melle soll ee sech bei der Stater Police um (+352) 244 40 1000 oder iwwer Mail op Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu.