De Punktwäert gëtt an zwou Etappen ëm am Ganzen 2,5 Prozent erhéicht
Den Minister Wilmes huet den Deputéierten an der zoustänneger Kommissioun e Mëttwoch den neie Gehälteraccord an der Fonction publique presentéiert.
De Punktwäert wäert dëst Joer réckwierkend op den 1. Januar ëm 2 Prozent an d’Luucht goen. D’nächst Joer dann nach eng Kéier ëm 0,5 Prozent. Dat wäert de Staat mat senge 37.500 Mataarbechter um Enn 195,5 Milliounen Euro kaschten. Et géing een domat rechnen, eng 80 Milliounen Euro nees iwwer Steieren zréckzekréien, huet de Serge Wilmes e Mëttwoch de Mëtten op enger Pressekonferenz zesumme mat der CGFP erkläert.
Fir e Fonctionnaire (Stage) an der Karriär C1 (Beamten /Expeditionnaire) bedeit dat iwwer 2 Joer um Enn eng Augmentatioun ëm 98 Euro Brutto pro Mount. Fir en Universitären an der A1 Karriär ëm 198 Euro pro Mount. D’Masse salariale vum ëffentlechen Déngscht läit am Budget vun 2024 bei 4,3 Milliarden Euro. Dat bei Gesamtdepensë vu 27 Milliarden Euro.
Dësen Accord géing dann och fir d’Gemengefonctionnairë gëllen a sech och op de konventionéierte Secteur applizéieren. Woubäi hei d’Gesamtenvelopp nach misst op Basis vum Accord negociéiert ginn. Wärend der Lafzäit vum Accord wéilt hien dann och mat de sektoriellen Ënnergruppe vun der CGFP negociéieren, huet de Serge Wilmes betount.












Selbstverständlech hätt ee gär gehat, dass d’Punktwäerterhéijung méi héich ausgefall wier, seet de President vun der CGFP, de Romain Wolff. Mee fir d’Gewerkschaft wier et e ganze Pak. Zu dësem gehéiert dann och, dass sollen Iwwerstonne vun den Enseignanten zu 100 Prozent bezuelt ginn. Enseignanten, déi Titulaire vun enger Klass sinn, sollen e Forfait vun 1.750 Euro pro Joer kréien. Eng weider Crèche, déi vu CGFP-Service gefouert gëtt, soll op de Belval kommen.
Iwwert déi linear Punktwäerterhéijung eraus, wéilt ee mam Accord och de Verantwortungsprinzip stäerken, mengt de Serge Wilmes. De Punktwäert vun de Leit op Responsabilitéitsposten, wéi Chef de Service, soll ëm 7 Punkten an d’Luucht goen. Elo scho kréien d’Mataarbechter vum Staat eng Subventioun d’Interêt op en Immobiliëprêt bis zu engem Montant vun 150.000 Euro an enger Lafzäit vu 15 Joer. Vun elo u soll de Montant 400.000 Euro an d’Lafzäit 25 Joer sinn. "Mir hätten eis natierlech gewënscht, dass et nach e bëssi méi héich gewiescht wier. Mir kenne jo d’Realitéiten haut”, sou de Romain Wolff.
E weidere Punkt am Accord ass de Congé sans traitement pour raison professionelle, fir d’Staatsbeamten, déi wëllen an eng aner Karriär wiesselen.
Eng Augmentatioun vum Punktwäert generell rechtfäerdegt een als Unerkennung fir déi gutt Aarbecht an déi wirtschaftlech Entwécklung, mengt de Serge Wilmes. Bei de Verhandlungen hätt een och de Privatsecteur am Bléck gehat. D’Perspektiven an déi aktuell Situatioun. De Romain Wolff huet ugemierkt, dass den Index mat 2,5 Prozent nodréiglech kéim an et emol net de Gesamtausgläich wier. Aus dem Privé hätte sech da ganz héich Vertrieder zu Wuert gemellt, fir ze kommentéieren. Ënner anerem gouf de Verdéngscht vun enger Augmentatioun vum Punktwäert a Fro gestallt. "Heiansdo ass et besser, et seet een näischt, wann een de Mikro virun d’Nues gehale kritt", seet de Romain Wolff dozou.
Hei geet et bei Schreiwes FGFC