Gréisser Kriminalitéitskontroll am Garer Quartier - 38 Bulle Kokain saiséiert

© Pierre Weimerskirch / RTL
En Donneschdeg am Nomëtteg war am Garer Quartier eng gréisser sougenannten "Kriminalitéitskontroll" a Caféen an an de Stroossen.
Eng 40 Poliziste waren am Asaz an hunn ënnert anerem d'Pabeiere vun de Persounen, déi se ugetraff hunn, kontrolléiert. Och zwee Drogenhënn ware mat hiren Hondsmeeschter op der Plaz. Ëm kuerz virun 17 Auer war den Asaz eriwwer.
Wéi aus dem Bilan vun der Police ervirgeet goufen insgesamt ronn 70 Persoune kontrolléiert, vun deenen der 10 signaliséiert goufen. A sechs Fäll goufe Protokoller wéinst Verstéiss géint d'Drogegesetz asugestallt, insgesamt konnten am Kader vun de Kontrolle ronn 40 Gramm Marihuana an 10 Gramm Haschisch séchergestallt ginn. Bei enger eenzeler Persoun goufen iwwerdeems 38 Bulle Kokain fonnt, wouduerch d'Police dem Verdächtege seng Wunneng duerchsicht an hien festgeholl huet.
Zu de weideren illegalen Objeten, déi saiséiert goufen, gehéieren e Klappmesser, eng Matraque an e Pefferspray.
Méi Detailer zum Asaz vun der Police gesitt Dir den Owend um 19.30 am Journal vun der Tëlee.