"Berliner Mauer" um BriddelBauhär kritt wéinst 5 Meter héijer Mauer e Baustopp

Monique Kater
Eng plakeg a vill ze héich Mauer laanscht de Bësch suergt den Ament um Briddel fir ferm Opreegung.
"Berliner Mauer" um Briddel: Bauhär kritt wéinst 5 Meter héijer Mauer e Baustopp
En neie Proprietäre baut ganz legal en Haus ëm, ass awer, wat d’Ofgrenzen an d’Héije vu sengem Terrain ugeet, alles anescht wéi konform zum Bautereglement.

En neie Proprietäre baut an der Cité Worré ganz legal en Haus ëm, ass awer, wat d’Ofgrenzen an d’Héije vu sengem Terrain ugeet, alles anescht wéi konform zum Bautereglement vun der Kopleschter Gemeng. D’Noper mellen Aarbechten iwwer d’Feierdeeg an de Buergermeeschter decidéiert e Baustopp.

Den Ëmbau vum Haus an d’neit Amenagement vum Terrain hannert dem Haus si konform zu de Virschrëften

Et war emol eng Koppel, déi sech an en Haus um Briddel verléift an dat du kaf huet. Den Ëm- respektiv Ausbau vum Haus, dat, wéi déi ganz Cité Worré am neie PAG* kommunal geschützt ass, ass hei net de Problem. D’Leit dierfen un der Konstruktioun Verschiddenes ännere mam Accord vun der Kopleschter Gemeng.

*De Kopleschter PAG ass um Instanzewee - Et feelt d’Ënnerschrëft vum Inneminister. Deen Ament gëllen den alen an neie PAG, also déi strengste Virschrëften aus deenen zwee.

Wat mam Gaart hannendru geschitt – d’Parzell ass ronn 35 ar grouss – kontrolléiert den Environnement. Och do wieren déi Baigezugge konform! Si kruten eng Zerstéierung vum Biotop accordéiert - d’Gesetz erlaabt dat op engem Bauterrain, wann een dofir duerch Réckplanzunge respektiv Ekopunkten, déi ee bezilt, kompenséiert, erkläert d’Carmen Weisgerber, Sous-Directrice vun der Naturverwaltung (anf).

Omnibusgesetz hëlt den Environnement aus der Responsabilitéit

Déi ernimmte Mauer erënnert un déi Berliner a reegt méi wéi een um Briddel op, well se flatsch an de Bësch gebaut gouf - plakege Bëton, deen den Environnement mat senge Virschrëften effektiv näischt méi ugeet. D’Carmen Weisgerber erkläert, dass d’Anhale vun enger Pufferzone vun 30 Meter Déift tëscht Mauer a Bësch 2017 mam Omnibusgesetz verschwonnen ass - Stéchwuert: Simplification administrative.

De Ministère huet bei esou enger Mauer also näischt méi ze mellen – Klammer: omnibus war dach e grénge Minister, oder? - am Bauperimeter ass et elo just de Buergermeeschter, dee responsabel ass. Dee seet sech erféiert iwwer d’Bëtonskonstruktioun a reagéiert mat engem Baustopp. D’Baugeneemegung erlaabt véier Niveaue mat all Kéier enger Mauer vun annerhallwem Meter

Véier Etagë mat Mauere vun annerhallwem Meter héich dierf de Bauhär opriichten, fir d’Pente ze neutraliséieren – iwwer 5 Meter Héich stinn déi hei, an amplaz véier Träppleker schéngt de Proprietär just ee Stack an e gedruddelte wëllen ze bauen, an och deen ass vill méi héich wéi déi autoriséiert 1,5 Meter.

D’Pläng aus der Baugeneemegung hunn déi zukünfteg Briddeler wuel net wierklech impressionéiert. Grad sou wéineg wéi de Baustopp, zielen d’Noper déi zeg Camione mat Steng gezielt hunn.

Zréckbauen oder Plainte um Parquet

De Buergermeeschter weess, dass hien elo muss duerchgräifen, schonn eleng fir e Präzedenzfall ze vermeiden. Seng Baugeneemegung wier eescht ze huelen, monéiert den Thierry Schuman, Kopleschter Buergermeeschter.

Wann d’Mauer och den Ëmweltministère näischt ugeet, leien d’Beem vum Nopeschterrain awer an hirer Responsabilitéit – déi goufen, ouni dass de Proprietär eppes wousst, ewech gehaen. De Bauhär - eis Koppel - wëllt an dësem Dossier net zitéiert ginn – léisst awer duerchblécken, dass hir Mauer, wa se fäerdeg gebaut ass, am Respekt vun de Reegelen, alles wäert méi schéi maachen.

PDF Gemeng Koplescht

Back to Top
CIM LOGO