Si Lige geschützt? Wéi wäit geet d'Meenungsfräiheet?
Ënner anerem dorëm goung et d’lescht Woch op enger Konferenz vun der Uni Lëtzebuerg mam Titel “Si Ligen geschützt?”
"Den Hitler war e Kommunist". Dat ass eng Ausso, déi virun kuerzem an engem Gespréich tëscht der AfD-Spëtzekandidatin Alice Weidel an dem amerikaneschen Entrepreneur a Regierungsberoder Elon Musk gefall ass. Ass dat eng Meenung, déi vun der Meenungsfräiheet geschützt ass, oder ass et eng Falsch-Informatioun? Ënner anerem dorëm goung et d’lescht Woch op enger Konferenz vun der Uni Lëtzebuerg mam Titel “Si Lige geschützt?”.
D’Meenungsfräiheet ass an Europa genee wéi an den USA e Grondrecht. Allerdéngs gëtt dëst Recht op de soziale Medien uerg strapazéiert. De Ruff no méi Regulatioun gëtt haart an Europa. Dat passt villen Amerikaner iwwerhaapt net. Notamment den Elon Musk kritiséiert, dass d’Meenungsfräiheet an Europa ëmmer weider beschränkt gëtt. Den Russel L. Weaver, Professer op der Universitéit zu Louisville am Kentucky, ass och géint méi Regulatioun.
“A mengen Aen dierfe mer net den nämmlechte Level vun Zensur, also Regierungskontroll vu Contenu, kréien, dee mer aktuell an de Medie gesinn. Fir mech ass et wichteg, dass d’Leit decidéieren. An ech mengen, dass d’Leit méi clever sinn, wéi ee mengt. Dat ass och dat, wat ech denke bei Leit, déi den Holocaust niéieren. An den USA ass dat net verbueden. Mee ech mengen net, dass d’Leit dofir mengen, dass et net stattfonnt huet.”
A ville Länner ass et iwwregens illegal, den Holocaust ze niéieren. Och am Grand-Duché. Op de soziale Medie ginn ëmmer méi Fake News verbreet an donieft huet de Konzern Meta och annoncéiert, dass et kee Factchecking méi op Facebook an op Instagram wäert ginn. Dofir wier et wichteg dass méi reguléiert gëtt, kontert de Dr Peter Müller, fréiere Riichter um Däitschen Bundesverfassungsgeriicht.
“Es geht darum einen Rahmen zu schaffen, der sicher stellt, dass das Internet wiedergibt was es an unterschiedlichen Meinungen gibt und der sicherstellt, dass das Internet nicht zum Manipulatiounsorgan wird für Anti-Demokraten, dass es nicht zu einem Raum wird in dem nur noch diejenigen, die viel Geld haben, die Richtung bestimmen.”
Den Amerikaner Weaver fënnt, dass et eigentlech gutt ass, dass op de soziale Medie mateneen diskutéiert gëtt an dass sech souvill verschidde Meenunge mëschen.
“Wann s de ze vill zenséiers, da ginn d’Leit vun de Plattformen erof. An wa se vun do erofginn, da komme se a Situatiounen, wou se an hiren eegene Siloe landen, riets an lénks, a just nach mat Leit kommunizéieren, déi déi selwecht Meenung hu wéi si. Dat wëlle mer net. Dat ass net gesond fir d’Demokratie.”
Den Dr Peter Müller ass net d’accord.
“Ech mengen, dass dat falsch ass. D'Menace fir d'Meenungsfräiheet kënnt net vum Staat, mee se kënnt vill méi staark vu groussenPlattformen. Si kënnt vun autokratesche Systemer, déi versiche mat Legioune vun Trollen den demokratesche System auszehielegen an dogéint musse mer eis wieren. Dat geet net ouni Regulatioun."
Den Drock aus den USA géint weider Reguléierung vun de soziale Medie wier grouss an dofir misst d'EU staark bleiwen a souguer nach noleeën. Den europäeschen Digital Services Act géing op alle Fall net duergoen, fënnt den Dr Peter Müller.
Den amerikaneschen Professer aus Kentucky an den Ex-Riichter vum däitsche Bundesverfassungsgeriicht ware sech zwar net eens an trotzdeem gouf ganz ziviliséiert diskutéiert: e Parade-Beispill fir Diskussiounskultur wéi se soll sinn an enger Demokratie.