De laangjäregen CSV-Deputéierten a fréiere President vum LCGB Marcel Glesener ass dout.

Wéi seng Famill matdeelt, ass den Éierendeputéierten um Sonndeg no kuerzer Krankheet am Alter vun 87 Joer an der Klinik um Kierchbierg gestuerwen.

De Marcel Glesener ass de 17. Abrëll 1937 zu Esch op d'Welt komm an huet fir d'éischt als Schlässer op der Arbed geschafft. 1958 gëtt hie Member am Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond, fir 1974 fir d'éischt Generalsekretär an tëscht 1980 an 1996 President vum LCGB ze ginn.

De Minetter gëtt eng éischte Kéier 1989 fir d'CSV an d'Chamber gewielt a bleift bis 2009 als Volleksvertrieder um Krautmaart.

En huet sech net just op nationalem Plang agesat, ma och op europäeschem.

Als Unerkennung fir säi grousse politeschen Engagement a seng konsequent Verdeedegung vun de chrëschtleche Wäerter gouf de Marcel Glesener 2006 vum Poopst Benedikt XVI. zum Kommandeur am Uerde vum Hellege Gregor dem Groussen ernannt.

Als "Invité vun der Redaktioun" bei eis um Radio am Joer 2017 gouf de laangjäregen engagéierte Gewerkschaftler gefrot, wéi hien d'Entwécklung vum Sozialdialog géif aschätzen. Déi wier net méi sou wéi zu senger Zäit, sou dem Marcel Glesener seng Äntwert. Et misst een nees onbedéngt zeréck bei den Tripartitegedanken.

An deem Interview huet de Marcel Glesener och de Cumul vu senge gewerkschaftlechen Aktivitéiten an dem Deputéiertemandat verdeedegt. Et wier gutt gewiescht, datt an der Politik Gewerkschaftler waren, fir dat politesch ëmgesat ze kréien, wat se als Syndikalist gefuerdert hunn. 
 
De Marcel Glesener hannerléisst seng Fra Maisy Fandel an hiert eenzegt Kand de Marc Glesener, fréiere Chefredakter vum Lëtzebuerger Wort an zanter kuerzem President vun der ALIA, der onofhängeger Autoritéit vun den audiovisuelle Medien.