Wunnengsnout e grousse Problem fir Refugiéen"Aarmut ass net gläich Aarmut"

Monica Camposeo
Anescht ewéi an eisem Nopeschland Frankräich kënnen hei am Land och am Wanter Leit op d'Strooss gesat ginn. Dat ka Locatairë betreffen, déi hire Loyer net bezuelen.
D’Flüchtlingsstruktur Don Bosco
© RTL

Oder och Refugiéen, zum Beispill wa si de Statut fir déi international Protektioun accordéiert kruten an d’Flüchtlingsstruktur no enger Zäit musse verloossen. En Ënnerdaach um private Wunnmarché fannen, ass awer dakcs ze deier an déi sozial Logementer si souwisou iwwerlaascht. Dacks verschlëmmeren esou Situatiounen d’Aarmut, an där dës Persoune scho liewen. D’Monica Camposeo huet mat der Matgrënnerin vun der Initiativ “Oppent Haus” doriwwer geschwat.

Marianne Donven zu Wunnengsnout vu Refugiéen / Reportage Monica Camposeo

D’Marianne Donven engagéiert sech zanter Jore fir d’Rechter vun de Refugiéen hei am Land. Schlecht Wunnkonditiounen an de Foyeren, vill Bürokratie an eng komplizéiert Aarbechtssich maachen de Leit Suergen. Ma den Haaptproblem wier awer ouni Zweiwel de Logement: “D’Leit hu jo quasi keng Zäit, sech dorëms ze këmmeren, eng Aarbecht ze sichen a sech ëm hir Kanner ze këmmeren, well si dauernd an deem Stress sinn, fir en doheem ze fannen.”

E Stress, dee sech op den Alldag auswierkt. Dacks wende sech d’Leit dann un Associatiounen, déi gënschteg Wunnenge vermëttelen. D’ONGen hätten et awer mat der Zäit och ëmmer méi schwéier, fir all den Demandë gerecht ze ginn. D’Marianne Donven schwätzt vun Iwwerfuerderung a fäert, dass sech dat an den nächste Méint nach kéint verstäerken, well weider Déguerissementer vum Office National de l’Accueil (ONA) aus hire Flüchtlingsstrukture geplangt wieren. D’Life Asbl huet eng WhatsApp-Grupp gegrënnt , fir dass betraffe Leit sech do besser kënne vernetzen, erkläert d’Marianne Donven. “Do si lo 700 Leit an deem Grupp. Dat si Persounen, déi a Wunnengsnout sinn, eppes sichen oder souguer schonn op der Strooss sinn.”

Si bedauert, dass am Nationalen Aarmutsplang d’Refugiéen net explizitt genannt ginn an och keng Mesurë konkret fir si virgesi sinn. “Aarmut ass net gläich Aarmut”, betount d’Marianne Donven. Als unerkannte Refugiéen hunn dës Persounen zwar um Pabeier déi nämmlecht Rechter a Flichte wéi Residenten, mee “si hunn net déi selwecht Viraussetzungen”. Refugiéen dierfen zum Beispill och net iwwer d’Grenz wunne goen, wat méi bëlleg wier.

Alles Facteuren, déi d’Aarmut ënnert de Flüchtlingen nach emol verstäerkt. An dovunner betraff si jo net just Erwuessener. D’Responsabel vun “Oppent Haus” gëtt nach ze bedenken, dass vill Kanner a Jonker, déi haut an engem Foyer liewen oder vu Logementsproblemer impaktéiert sinn, et och an Zukunft wäerte schwéier hunn, aus der Aarmut erauszekommen: “An dat ass menger Meenung no der Regierung nach net bewosst, och wat fir e wirtschaftlechen Impakt dat kann op eist Land hunn.”

Ëm d’Aarmut hei am Land geet et dann och e Samschdeg an eiser Emissioun Background am Gespréich. Invitéen am Studio sinn de Familljeminister Max Hahn, d’Presidentin vun ATD Quart Monde Joëlle Christen an den Ombudsmann fir Kanner a Jonker Charel Schmit. Dir héiert de Background wéi gewinnt tëscht 12 an Eng Auer op RTL Radio.

Back to Top
CIM LOGO