Et géif net duergoen, Jonken demokratesch Prinzippien ze erklären: Erwuessener misste virliewen, wéi ee respektvoll diskutéiert, Konflikter ausdréit an anerer eescht hëlt. Eng grouss Gefor wier, datt Jonker resignéieren, well si d'Gefill hunn, net gehéiert ze ginn a keen Afloss op hir Zukunft ze hunn.
Déi éischt Réckmeldungen zur Woch vun der Demokratie an de Lycéeën, Grondschoulen a Maison-Relaise wiere positiv, esou d'Michèle Schilt. D'Offer vum Zentrum fir politesch Bildung wier immens gutt ugeholl ginn. D'Woch gëtt ënner anerem zesumme mam CEPAS a mam Kannermusée Plomm zu Wolz organiséiert. Déi definitiv Réckmeldungen an Zuele géifen awer eréischt no der Allerhellegevakanz virleien.
"Et ass wierklech eng Fro, wéi s de un déi Saach erugees. Ech weess och net, ob fir all Erwuessenen Demokratie esou en sexy Theema ass," äntwert d'Michèle Schilt. Et wier och net wouer, dass Jonker sech grondsätzlech net fir Politik oder Demokratie interesséieren. Entscheedend wier, wéi een un déi Theemen erugeet.
Mat Froe wéi "Wat ass Demokratie? Wat ass Politik?" géif een net onbedéngt en Zougang fannen. Méi sënnvoll wier et ze froen, wat de Jonke wichteg ass, wat si nervt oder wat si stéiert. Vun do aus géif ee séier an eng politesch Diskussioun kommen. Als Beispiller nennt si d'Handyverbuet an de Schoulen, den Ëmgang mat de soziale Medien oder d'Fro, wéi Jonker sech an hirer Schoul fillen.
Och Polariséierung a Radikaliséierung op de soziale Plattforme géifen déi Jonk beschäftegen. Et géif hinnen awer net ëmmer un Interessi feelen, mä u Plaz an Zäit, fir mat Erwuessenen iwwer dës Froen ze schwätzen.
An den Ateliere wier den ZpB reegelméisseg mat problemateschen Aussoe konfrontéiert. An der Schoul géif net anescht geschwat ginn ewéi am Rescht vun der Gesellschaft, esou d'Michèle Schilt. D'Schoul misst awer e Schutzraum sinn, an deem esou Diskussioune gefouert däerfe ginn.
Déi kloer Richtlinn wier "all Mënsch ass nämmlecht vill wäert". Wann eng Ausso géint dëse Prinzip verstéisst, misst een op déi iwwerschratt Grenz opmierksam maachen. Gläichzäiteg misst een am Dialog bleiwen. Wien direkt ze haart reagéiert, riskéiert, dass déi Jonk net méi mat engem schwätzen.
D'Michèle Schilt géif net dovun ausgoen, dass et bei verschiddene Jonken iwwerhaapt keen Interessi gëtt. Si hätt e grousst Vertrauen a Kanner a Jugendlecher. Et wier d'Aufgab vun den Erwuessenen, de richtegen Zougang ze fannen. D'Schoul hätt dobäi natierlech eng zentral Roll, well do all Kanner a Jonker erreecht ginn, och déi, déi doheem wéineg mat Politik a Kontakt kommen. Fir dës Roll kënnen ze iwwerhuelen, missten och d'Enseignanten an déi aner Erwuessen entspriechend ënnerstëtzt a virbereet ginn.
Zéng Joer no der Grënnung vum Zentrum fir politesch Bildung hätt sech de gesellschaftleche Kontext staark verännert. Den Zentrum misst sech un nei Entwécklungen upassen, ouni d'Grondlage vu senger Aarbecht aus den Aen ze verléieren. Sozial Medien a kënschtlech Intelligenz géifen nei Erausfuerderunge matsechbréngen, mä "déi fundamental Froen: Wie sinn ech? Wat wëll ech? Wéi kënne mer gutt zesumme liewen? Dat si schéin analog Froen," sou d'Directrice adjointe vum ZpB.
Den Zentrum wier dofir och op de soziale Medien aktiv a géif sech iwwerleeën, wéi een Inhalter kuerz a verständlech vermëttele kann. Dat perséinlecht Gespréich mat Kanner a Jonke géif awer weider eng wesentlech Roll spillen.
Zanter der Grënnung ass den Zentrum vun annerhallwer Vollzäitplaz op ronn 20 Vollzäitplaze gewuess, mee et wier nach Loft no uewen.
Bei der Mediebildung schafft den Zentrum mat Partner wéi BEE SECURE zesummen. Dobäi géif et ënner anerem drëm goen, ze verstoen, wéi den Internet, Algorithmen oder KI funktionéieren. Den Zentrum géif virun allem déi politesch Dimensioun abréngen: Wat bedeiten dës Technologie fir d'Demokratie an d'Zesummeliewen?
Mä och eng däitlech méi grouss Ekipp kéint net perséinlech bei all Jonkem present sinn. Fir trotzdeem méiglechst vill Jonker ze erreechen, setzt den Zentrum op Enseignanten an aner Leit aus dem Bildungs- an Erzéiungsberäich als sougenannt "Multiplicateuren".
Den Ëmgang mat Fake News wier net nëmmen eng Erausfuerderung fir Jonker. D'Michèle Schilt huet erkläert, dass Leit iwwer 45 Joer am meeschte Fake News deelen. Erwuessener ze erreechen, wier allerdéngs méi schwéier, well hir Participatioun op Fräiwëllegkeet berout. Den Zentrum setzt dofir op Partnerschafte mat Organisatiounen, déi scho mat Erwuessene schaffen, an op Online-Offeren. Och Medien a Pressehaiser hätten eng wichteg Roll ze spillen.
Beim Walrecht vun 16 Joer un géif den Zentrum fir politesch Bildung keng Positioun bezéien, huet d'Michèle Schilt kloergestallt. D'Diskussioun doriwwer wier awer wichteg. Politesch Reift géif net vun engem Dag op deen aneren entstoen, just well een 18 Joer kritt.
Virun allem misst ee mat de Jonke schwätzen, well et ëm hir Zukunft geet. Suergen ëm Aarbechtsplazen, Akommes, d'Dauer vum Beruffsliewen oder de Logement wiere reell. Wann déi Jonk d'Gefill kréien, datt hinnen net nogelauschtert gëtt, riskéiere si opzeginn. Et misst een dofir och driwwer nodenken, wéi ee si méi matbestëmme léisst.
Fir déi nächst zéng Joer wënscht sech d'Michèle Schilt virun allem, datt all Enseignant sech senger Roll an der Demokratie-Bildung bewosst ass. Kanner géife schonn am Alter vun dräi Joer all Dag mam Staat a Kontakt kommen, notamment duerch déi Persoun, déi an der Schoul virun hinne steet.
Erwuessener misste virliewen, wéi ee respektvoll mateneen ëmgeet an e Sträit féiert. Dat géif net bedeiten, alles zouzeloossen oder keng Grenzen ze setzen. Kanner a Jonker missten awer eescht geholl ginn an erliewen, datt hir Meenung zielt.
En zousätzlecht eegestännegt Schoulfach hält si net fir néideg. Si begréisst, datt politesch Bildung am neie Plan d’études vum Fondamental als transversaalt Theemefeld verankert ass. Demokratiebildung kéint och am Mathéscours stattfannen, duerch d'Haltung vum Enseignant an den Ëmgang an der Klass. Mee:
"Du kanns net verlaangen, dass se iergendwann d'Verantwortung iwwerhuelen, wann s du hinne se ni gëss. Dat heescht, mir kënnen net op eemol op e Knäppche drécken a soen: Esou, elo sidd der Verantwortlech, elo sidd der Bierger. An do virdrun sees de hinnen: Haalt de Mond, well ech hunn hei d'Soen an net du."Michèle Schilt, Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB)
E Freideg de Moie war d'Demokratie Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".