Aus dem PolicebulletinAbréch zu Hollerech an Ollem, alkoholiséiert Automobilistin op béide Spueren ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend goufen der Police op zwou Plazen Abréch respektiv Abréchsversich gemellt

Am Stater Quartier zu Hollerech hunn Täter sech duerch eng Fënster Zougang zu enger Wunneng an der Rue de Vianden verschaaft an hunn do d’Raim duerchwullt. Ëm déi selwecht Zäit war et zu Ollem um Boulevard Robert Schuman dräi Täter gelongen, duerch eng Dier an en Eefamilljenhaus ze kommen. Wéi si vun engem Bewunner gesi goufen, hu si sech duerch d’Bascht gemaach. A béide Fäll goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Um fréien Dënschdegmoie gouf et dann nach ee Fall vun Alkohol um Steier. Géint 2.20 Auer war der Police an der Rue de Diekirch zu Lëntgen een Auto opgefall, dee mat héijer Vitess an an der Mëtt vun deenen zwou Spuere vun der Strooss ënnerwee war. Nodeems den Auto gestoppt gouf, ass een Alkoholtest bei der Automobilistin gemaach ginn, dee positiv war. Et gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO