Bijouen an aner Wäertgéigestänn geklautAbréch zu Mamer, Munneref, Leetem an Esch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg sinn der Police nees eng ganz Rei Abréch gemellt ginn.

An der Areler Strooss zu Mamer si bis ewell onbekannt Täter an e Geschäft agebrach, nodeems si hei eng Fënster futtigemaach haten.

Och zu Munneref an der Avenue Elise Deroche gouf et en Abroch an eng Wunneng an engem Appartementshaus. Hei gouf d’Dier vun engem Balcon futtigemaach an et sinn ënner anerem Bijoue geklaut ginn. Zu Esch war an der Rue Victor Hugo an en Appartement e Samschdeg am Nomëtteg agebrach ginn. Owes goufen dann nach an der Duarrefstrooss zu Leetem Bijouen aus enger Wunneng geklaut.

D’Police huet an alleguerten de Fäll eng Enquête lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO