PoliceAbriecher zu Bouneweg gestallt, Mann wéinst Wegweisung zu Esch festgeholl

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet e Sonndeg en Abriecher zu Bouneweg gestallt an e Mann wéinst enger bestoender Wegweisung zu Esch-Uelzecht festgeholl.
© Laurent Weber

Um Sonndegowend krut d’Police e Mann zu Esch-Uelzecht gemellt, dee sech trotz enger Wegweisung mat senger Partnerin getraff huet. D’Police huet de Mann op der Plaz ugetraff an op Uweisung vum Parquet festgeholl. Hie gouf e Méindeg de Moien engem Untersuchungsriichter virgefouert.

D’Police mellt weider en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue Pierre Brandenbourger zu Bouneweg. De presuméierten Täter, dee soll eng Fënster futti gemaach hunn, fir anzebriechen, konnt nach op der Plaz gestallt ginn. Bei der Kontroll huet d’Police Boergeld beim Mann fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf hien engem Untersuchungsriichter virgefouert.

Bei enger Tankstell zu Eech an der Stad koum et um Sonndegowend zu enger Ausernanersetzung tëscht e puer Persounen. Wéi d’Police op der Plaz ukomm ass, hunn dräi jonk Männer probéiert fortzelafen, si goufen awer direkt gestallt. Éischten Erkenntnisser no hätten déi dräi eng Persoun mat engem Messer iwwerfall. D’Waff gouf saiséiert an op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO