
Dobäi goufen eng grouss Quantitéit Cannabis a Haschisch, Suen, Pefferspray an e puer Handye fonnt a saiséiert. De presuméierten Drogendealer gouf festgeholl a war de selwechten Nomëtte beim Untersuchungsriichter.
Um Méindeg den Owend gouf d’Police iwwer eng friem Persoun an engem Gaart zu Lëtzebuerg-Märel informéiert. Op der Plaz konnten zwee Verdächteger gestallt a Geschier fir Anzebrieche saiséiert ginn. Déi zwou Persounen haten um Dënschdeg Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.