Den Noutdokter vum Samu huet misse mam Helikopter op d’Plaz geflu ginn. D’Strooss war kuerz no 15 Auer geraumt.
Um 12.33 Auer gouf um Belair um Boulevard Grande-Duchesse Josephine-Charlotte eng Persoun ugestouss. Eng Persoun gouf verwonnt.
Um 12.34 Auer krut zu Dikrech an der Rue Clairefontaine een Auto eppes ze paken. Beim Accident gouf eng Persoun blesséiert.
Direkt 2 Verwonnter gouf et um 14.34 Auer an der Haaptstrooss zu Wuermer bei der Kollisioun vun 2 Vëloen.