
Bis et zum Accord tëscht de véier implizéierte Säite konnt kommen, war och e Gang op d’Conciliatioun néideg ginn, fir déi ënnerschiddlech Positiounen op een Nenner ze bréngen. Nach fir Samschdeg war e gewerkschaftleche Protest-Piquet an der Stad geplangt, deen awer lo ofgesot gouf.
Sou geet am nei-verhandelte Kollektivvertrag de Congé fir d’Personal an den Apdikten ëm véier Deeg d’Joer erop an déi fënnef verschidde Carrièrë gi revaloriséiert.
Abënns wichteg ass d’Nei-Organisatioun vum Garde-Zerwiss vun den Apdikten: sou gëllt an Zukunft all geleeschte Stonn wärend enger Garde als komplett Schaffstonn an d’Nuetsstonne ginn an Zukunft ëm e Véierel méi héich bezuelt.
Natierlech muss den Text vum Kollektivvertrag, deen op dräi Joer leeft, nach de Feu vert vun de kompetenten Instanze kréien.