
Méi genee dorëms, datt d’Firma GGM11 ouni gülteg Autorisatioun fir de Science Center geschafft huet.
D’Affär ass awer verréckelt ginn, well den Nicolas Didier, dee gläichzäiteg President vum Science Center a Patron vu GGM11 ass, am Ausland wier, mee viru Geriicht wéilt dobäi sinn.
Ee vun de Virwërf géint den Nicolas Didier, déi virun e puer Méint public gi waren, ass, datt hie sech seng reegelméisseg Vollen tëscht New York a Lëtzebuerg vun der Firma bezuele gelooss huet, där hiren eenzege Client de staatlech subventionéierte Science Center ass.
Iwwerdeems hunn RTL-Informatiounen no am Science Center antëscht fënnef Leit vun hire Posten demissionéiert, dorënner den Directeur scientifique an eng Rëtsch Mediateuren.