
Eng Mataarbechterin vun enger Immobilienagence ass ëm d’Liewe komm, eng Nopesch gouf schwéier blesséiert. RTL-Informatiounen no ass et zum trageschen Tëschefall komm, wéi eng Fra an engem Appartementshaus* an der Avenue de la Faïencerie um Lampertsbierg war. Dat zweet Affer war eng Nopesch, déi am Gebai wunnt, si koum schwéierblesséiert an d’Spidol.
De Pressebüro vun der Police hat um Dënschdeg matgedeelt, dass den 113 géint 14.20 Auer zwou blesséiert Frae gemellt krut. Am fréien Owend koum d’Informatioun, dass eng Persoun ëm d’Liewe koum an d’Police e Mann gestallt huet. RTL-Informatiounen no handelt et sech bei dëser Fra ëm eng Mataarbechterin vun enger Immobilienagence, déi do fir eng Visitt war. Dem Republicain Lorrain no soll et sech ëm eng Fra aus dem franséischen Departement Moselle handelen. D’Wort schreift iwwerdeems, dass d’Police judicaire en Dënschdegowend en donkele Renault Clio mat franséische Placken aus der Afaart vum Gebai ofschleefe gelooss huet.
D’Police hat mat engem groussen Dispositiv no weidere méiglechen Täter gesicht. An enger Niewestrooss stoung e schwaarzen accidentéierten Auto. Den Täter gouf schliisslech zu Fouss am Raum Briddel/Koplescht vun der Police gestallt.
Op Nofro konnt de Parquet nach keng vun dësen Informatioune confirméieren, allerdéngs soll den Täter e Mëttwoch de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter kommen.
Dësen Artikel gëtt iwwer den Dag aktualiséiert.
*An enger éischter Versioun hate mir geschriwwen, d’Dot wier an enger Wunneng geschitt. Dëst ass den Ament awer nach net kloer.
Kuckt hei den Extrait zum Virfall aus dem Journal vun en Dënschdeg: