Wéinst BloalgenAktuell dierf een am ieweschten Deel vum Wämper Séi net schwammen

RTL Lëtzebuerg
Mat de waarmen Temperaturen kënnt och d‘Plo vun de Bloalgen erëm.
Eng Foto vum Wämper Séi aus dem Joer 2024.
© Christophe Hochard

Den ieweschten Deel vum Séi zu Wäiswampech ass aktuell betraff, esou datt een do bis op Weideres net dierf schwamme goen. Dat huet d‘Waasserverwaltung en Dënschdeg de Mëtteg wësse gedoen. Iwwerhaapt soll een net a Kontakt mam Waasser kommen, d'Hausdéieren d'Waasser net drénke loossen an och net do fësche goen. Den ënneschten Deel vum Séi ass aktuell net concernéiert.

D'Schreiwes vum Waasserwirtschaftsamt

Back to Top
CIM LOGO