
An engem Arrêté grand-ducal vum 30. Juni 2026 gouf den Alain Jungen als President vun der Association d'assurance accident (AAA) a vum Centre commun de la sécurité sociale (CCSS) ernannt. Wéi de Gesondheetsministère an engem Schreiwes matgedeelt huet, fänkt d'Amtszäit de 14. September 2026 un a leeft fir op d'mannst siwe Joer.