Mat an de Passagearrest gehollAlkoholiséierte Mann huet mat geklautem Tablo a Bushaische randaléiert

RTL Lëtzebuerg
E Freideg um fréien Owend gouf der Police eng Persoun gemellt, déi op engem Busarrêt op der Areler Strooss zu Bartreng randaléiere géing.
© Laurent Weber

Wéi d’Police schreift, wier de Mann hinne géint 17.30 Auer gemellt ginn, well hien an engem Bushaischen zu Bartreng randaléiert hätt. Méi genee hätt hie mat engem Bild géint d’Schëld vum Busarrêt geschloen, woubäi d’Scheif zerbrach ass. Op der Plaz sinn d’Beamten op e Mann getraff, dee sichtlech ze vill gedronk hat. Well hien duerch säin alkoholiséierten Zoustand eng Gefor fir sech an aner Leit war, koum de Mann an den Arrest.

Well hien zousätzlech zouginn huet, datt hien den Tablo geklaut hätt, gouf dëse vun de Poliziste séchergestallt an de Mann protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO