SuessemAlkoholiséierte Vëlosfuerer lant am Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun 21 Auer krut d'Police een alkoholiséierte Vëlosfuerer an der Nidderkuerer Strooss zu Suessem gemellt.
© Archivbild

Opgrond vu sengem Fuerverhalen ass et zu direkt e puer Accidenter mat anere Leit am Verkéier komm. E bësse méi spéit konnt d’Persoun an engem Méifamilljenhaus ermëttelt ginn, an dat se sech onberechtegter Weis Zoutrëtt verschaf hat. De Mann, deen offensichtlech ze vill gedronk hat, gouf mat op de Policebüro geholl. De Parquet gouf iwwert de Virfall informéiert. Géint de Mann gouf eng Plainte gemaach an hien huet d’Nuecht missen am Passagearrest verbréngen.

En Dënschdeg den Owend gouf der Police nach géint 20.20 Auer eng Persoun op enger Tankstell zu Rodange gemellt, déi do randaléiert huet. Op der Plaz huet d’Police e staark alkoholiséierte Mann ugetraff. De Mann huet gejaut an aner Clienten ugepöbelt. Well hien a sengem Zoustand eng Gefor fir aner Leit war, huet hien d’Nuecht och an der Ausniichterungszell misse verbréngen.

An da kruten an der Nuecht op e Mëttwoch nach zwou Persounen de Führerschäin ofgeholl. Op der A7 a Richtung Norde war eng Persoun alkoholiséiert ënnerwee. De Won gouf kuerz drop zu Luerenzweiler gestoppt. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv an de Permis fort. An da war nach een Automobilist op der N11 am Zickzack ënnerwee. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Führerschäin gouf ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO