Mir hunn d’Hornhaut-Transplantatioun vun enger Patientin begleet, déi vun enger Fuchs-Endothel-Dystrophie betraff ass. Hei sinn d’Zelle vun der bannenzegster Couche vun der Hornhaut, dem Endothelium, betraff. Si sollen dofir suergen, datt Waasser an an aus der Hornhaut zitt. Bei der Fuchs-Krankheet wär dat awer net méi de Fall, erkläert den A-Chirurg Dr Christian Eulufi. « Quand d’Endothelium ne fonctionne pas bien, il y a de l’eau qui s’accumule. Ce qui fait va faire qu’avec le temps la cornée devient moins claire et perd la transparence. Et avec le temps, les patients deviennent même aveugle. »
D’Spender-Hornhaut kënnt an dësem Fall aus enger Spender-Bank aus Däitschland. Den Dokter schneit just den Endothel an déi kleng Membran driwwer aus – dat butzegt Stéck ass 0,015 Millimeter dënn. De Risk vun engem Rejet léich hei bei 1-3%. Niddreg am Verglach zu Organ-Transplantatiounen. Dat läit dorunner datt d’Hornaut keng Bluttgefäässer huet.
Den Agrëff selwer dauert an der Reegel eng 15 Minutten. D’Patientin kritt eng kleng Piqure an d’Ae géint de Wéi, si gesäit net, wat elo alles geschitt.
Déi krank Endothelschicht gëtt erausgeholl, dat gesond Stéck vum Spender agesat. Ass se bis richteg placéiert ass, gëtt e wéineg Loft drënner geblosen,fir datt d’Spender-Membran an déi eegen Hornhaut a Kontakt kommen an zesumme wuesse kënnen. Dofir muss d’Patientin no der Greff 48 Stonne laang um Réck leie bleiwen.
Eng 30 Hornhaut-Transplantatioune vum Typ «DMEK» huet den Dr Eulufi zanter November zejoert gemaach. De Virdeel par Rapport zum Ausland: manner Hin- an Hier-Gefuers, manner Zäit am Spidol an dee selwechten Aen-Dokter fir de Suivi. Mam Nodeel, datt deen awer och net all Dag Greffe mécht. Hien hätt vill Erfarung, seng Ausbildung an dësem Beräich op der Charité zu Berlin gemaach, seet den Dr Eulufi. Engem vun den éischte Spideeler, dat dës Zort Greffe mécht. Ausserdeem wär ee bei net alldeeglechen Agrëffer ëmsou méi konzentréiert a motivéiert, gëtt den A-Chirurg ze bedenken.