Strenzepolitik stellt Energietransitioun a FroFondation IDEA plädéiert bei der Tripartite fir cibléiert Hëllefen

Claude Zeimetz
Nieft de Gréngen an dem Mouvement écologique gesäit och d'"Fondation IDEA" dem Premier Luc Frieden seng Richtung kritesch.
De Frédéric Meys ass Ekonomist bei der Fondatioun IDEA.
De Frédéric Meys ass Ekonomist bei der Fondatioun IDEA.
© Arnaud Serexhe

E Mëttwoch ass eng weider Tripartite zu Senneng an de Luc Frieden hat d'lescht Woch schonn d'Richtung kloer virginn: D'Energiehëllefe wäerten, wéinst der héijer Inflatioun, "op déi eng oder aner Manéier" iwwert d'Enn vum Joer raus verlängert ginn. Nieft deene Gréngen an dem Mouvement écologique gesäit och d'"Fondation IDEA" dat awer kritesch.

D'Denkfabréck, déi op eng Initiativ vun der Chambre de commerce zréck geet, hat sech well bei der éischter Tripartite am Fréijoer fir geziilten Hëllefen ausgeschwat. Duerfir bleift hiren Economist Frédéric Meys och knapp en halleft Joer duerno nach ëmmer der Meenung, datt d'Subside mat der Strenz keng gutt Iddi sinn.

Besonnesch dann net, wann ee mat enger Kris konfrontéiert ass, déi komm ass, fir ze bleiwen. De Statec geet antëscht dovunner aus, datt d'Konflikter am Mëttleren Osten an de Krich an der Ukrain bis 2028 souguer kéinten Effekter op d'Energiepräisser hunn, notamment beim Gas a beim Stroum. Jo, Energiedeckele géifen effikass op d'Inflatioun awierken, mä fossil Brennstoffer kënschtlech niddreg ze halen, ass fir IDEA e kontraproduktiivt Signal, dat d'Energietransitioun bremse kéint, obwuel ee grad do elo misst nach méi Gas ginn, fir d'Leit vum Verbrenner zum Beispill op den Elektroauto ze kréien.

"Pour nous, ça nous convient pas tout à fait. Parce qu'on a aussi des objectifs climatiques. On a aussi, je pense, un raisonnement économique pour sortir des hydrocarbures qui commencent à peser aussi bien au niveau géopolitique mais aussi économiquement sur l'Europe et bien entendu le Luxembourg. Et donc continuer à octroyer des réductions comme ça à tout le monde, je pense, c'est pas la meilleure manière de préserver ce signal qu'il faut transitionner."

IDEA kritiséiert, datt et Schwaarz-Blo u Kohärenz feelt.

Firwat huet d'Regierung dann net d'Preparatiounszäit op déi heiten Tripartite genotzt, fir méi cibléiert Hëllefen auszeschaffen? Dorobber huet och de Frédéric Meys keng Äntwert.

"C'est une question qu'on se pose aussi. Ce n'est pas la première fois qu'on demande des aides plus ciblées, et on remarque qu'à chaque fois on met les mêmes systèmes en place. C'est-à-dire des aides très larges, sans discernement pour les populations à risque, ou qui sont les plus exposées à souffrir de la crise".

Fir d'"Fondation IDEA" hätt op alle Fall näischt dogéint geschwat, fir just de méi vulnerabele Stéit mat Steierkreditter, respektiv "Konsumschecken" ënnert d'Äerm ze gräifen. Sou änlech hunn et jo och OGBL an LCGB gefrot. Dat hätt de Staat och manner kascht. Net verkéiert an Zäiten, an deene Steierreform, Energietransitioun a Militärausgabe scho genuch Depensë generéieren.

E Mëttwoch solle mer also méi gewuer ginn, wéi et konkret weidergeet mat den Energiehëllefen, och wéi laang se nach spille sollen. Egal wéi et ausgeet, mir diskutéieren iwwert d'Mesuren aus der Tripartite an hiren, méiglechen negativen, Impakt op d'Klimapolitik an d'Versuergungssécherheet och den Owend op der Tëlee an der Emissioun "Studio2" nom Journal.

Back to Top
CIM LOGO