Vu Besëtzer erwëschtAn Auto agebrach, fir doran ze schlofen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf der Police en Abroch an en Auto an der Stad gemellt. De Brigang hätt eegenen Aussoen no just eng Plaz, fir ze schlofen, gebraucht.
© Envato / LightFieldStudios

Wéi d’Police schreift, wier hinne géint 4.45 Auer en Abroch an en Auto an der Rue Saint-Quirin an der Stad gemellt ginn. En onbekannten Täter huet déi kleng Fënster op der Bäifuerersäit ageschloen an ass esou an den Auto komm. Hei huet hie sech et bequeem gemaach an ass ageschlof.

Wéi de Proprietär bei den Auto koum, huet dësen de Brigang erwëscht, dee sech doropshi viru senger Flucht entschëllegt huet an erkläert huet, hien hätt just wéilte schlofen. Éischten Erkenntnisser no gouf näischt aus dem Auto geklaut.

Back to Top
CIM LOGO