D'Aktualitéit "kanna"-liicht erkläertAn de Kannaniuuss dës Woch: Sécherheet op der Strooss, Fréigebuerten, Bananeflanke

Julie Thilges
Noriichte fir Kanner ginn et schonn zanter September 2020 all Sonnden den Owend wärend der Schoulzäit op der Tëlee, um Enn vun der Kannativi-Emissioun.
An de Kannaniuuss vum 7. Dezember 2025

Hei kucke mer op d’Sécherheet op de Stroossen am Wanter, well et méi laang däischter ass an d’Autoen d’Foussgänger net esou gutt gesinn. Erkläert ginn och Fréigebuerten, firwat et an Australien nei Reegele gëtt fir d’Sozial Medien a wéi Ënnerwaasserschach gespillt gëtt.

An am Reportage duerno geet et ëm e Futtballclub: d’Bananeflanke. An deem spille Kanner, déi all eng kognitiv oder kierperlech Beanträchtegung hunn. Do krute mir op engem Training gewisen, wéi si zesummespillen, wéi si léieren a wat hinnen esouvill Spaass um Sport gëtt.

D’Kannaniuuss kënnt Dir um RTL Play oder sonndes um 9 an um 18 Auer am KannaTivi op der Tëlee kucken.

Wat sinn d’Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO