Déi 43 Joer al Politikerin vun déi Lénk ass zu Lëtzebuerg gebuer an zu Bouneweg opgewuess. Zanter 2013 ass si politesch engagéiert, war ënner anerem am Stater Gemengerot an iwwerhëlt elo am Kader vum Rotatiounsprinzip bei déi Lénk en Deputéiertemandat.
Virun allem d'Educatioun an déi sozial Gerechtegkeet leien hir um Häerz. Si wëll sech dofir asetzen, dass Kanner onofhängeg vun hirem sozialen Hannergrond déi selwecht Chancen hunn. Och hir Erfarungen "um Terrain" als Sozialaarbechterin wëll si an d’Chamberdebatten afléisse loossen.
Och de Logement ass fir d’Ana Correia Da Veiga e wichtegt Theema. Déi Lénk fuerderen zum Beispill e reguléierte Loyersdeckel an datt Wunnengen, déi eidel stinn, nees op de Marché kommen.
D’Ana Correia Da Veiga ass iwwerzeegt, datt een och aus der Oppositioun eraus eppes beweege kann. Si gesäit déi Lénk, déi just zwee Vertrieder am Parlament hunn, och net an enger Statisteroll. Hir Partei hätt an der Vergaangenheet scho bewisen, dass se och op nationalem Niveau kéint matwierken. Als Beispill nennt d’Ana d’Consitutiounsännerungen an de gratis ëffentlechen Transport.
Mat hire kapverdianesche Wuerzele schreift d’Ana Correia Da Veiga e Stéck Lëtzebuerger Parlamentsgeschicht. Si wëll awer net eleng dorop reduzéiert ginn:
"Ech stinn net moies op an ech soen, 'ech sinn eng schwaarz Fra'. Ech hunn déi kapverdianesch Kultur an ech hunn och déi lëtzebuergesch Kultur a mer. An ech hunn ebe mäi Mix dorausser gemaach. Ech representéieren an der Chamber awer net nëmmen déi schwaarz Leit hei zu Lëtzebuerg."
De Kampf géint Rassismus géif nawell ee vun hir Kärtheeme bleiwen, esou d’Politikerin vun déi Lénk.